Bia (Mythologie)
Ausgesinn
D'Bia (gr. "Kraaft") war an der griichescher Mythologie d'Duechter vum Pallas an der Styx, Schwëster vum Zelos ("Äifer"), Kratos ("Muecht") an Nike ("Victoire"). Si war ëmmer um Zeus senger Säit an huet dem Hephaistos a Kratos gehollef den Titan Prometheus un e Fiels unzekette fir en ze bestrofen well en de Gëtter d'Feier gestuel huet.
D'Gesëschter waren alleguer um Kampf géint d'Titanen (Titanomachie) bedeelegt.
| Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie. |