Nike (Mythologie)

Vu Wikipedia
Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Nike (gr. νίκη, "Victoire") war an der griichescher Mythologie d'Duechter vum Pallas a vum Styx. Hir Gesëschter sinn d'Bia ("Kraaft"), den Zelos ("Äifer") a Kratos ("Muecht"). Zesummen hunn si dem Zeus am Kampf géint d'Titane gehollef.

D'Nike ass awer als eenzeg kultesch veréiert ginn a war dofir och déi bekanntst vun de véier Gesëschter. Den Zentrum vun hirem Kult an Athen war d'Akropolis.

An der Konscht ass si meeschtens mat Flilleken duergestallt ginn a mat verschiddene Géigestänn: z. B. mat enger Kithara (Lyra), enger Phiale (Afferschuel), engem Thymaterion (Wäihrauchbrenner), enger Blumm, enger Schärp oder mat engem Krou (Oinochoe) beim Wäinaffer um Altor.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nike – Biller, Videoen oder Audiodateien