Bibliographie courante de la littérature luxembourgeoise

Vu Wikipedia

D'Bibliographie courante de la littérature luxembourgeoise war eng "lafend" Bibliographie vun der Lëtzebuerger Literatur.

Déi éischt alljärlech Bibliographie courante de la littérature luxembourgeoise huet sech op d'Joer 1988 bezunn a koum 1989 eraus.

Vun 1989 bis 1994 gouf d'Bibliographie courante de la littérature luxembourgeoise vun den Archives nationales éditéiert. Zanter 1995 mécht dat de Centre national de littérature.

D'Bibliographie courante de la littérature luxembourgeoise vun de Joren 1988 bis 1997 gouf vum Claude Meintz erausbruecht, déi vun de Joren 1998 bis 2004 vun der Marie-France Kremer, déi vum Joer 2005 vun der Marie-France Kremer zesumme mat der Daphné Boehles, an déi vun de Joren 2006 bis 2014 vun der Daphné Boehles.

Zanterhier gëtt et se net méi als eegestänneg Publikatioun; d'bibliographesch Notize ginn ewell vun a-z.lu publizéiert.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Notiz op cnl.public.lu.