Bill Gates

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Bill Gates
Gebuertsnumm William Henry Gates III
Gebuer 28. Oktober 1955
Seattle
Nationalitéit USA
Aktivitéit Entreprener, Programméierer, Philanthrop
Member vun American Academy of Arts and Sciences, National Academy of Engineering, Chineesesch Akademie fir Ingenieurswëssenschaften

De WilliamBillHenry Gates III, KBE, gebuer den 28. Oktober 1955 zu Seattle, ass en amerikanesche Manager a Programméierer.

De Bill Gates soll dee räichste Mann vun der Welt sinn, mat engem Verméige vu ronn 85 Mrd. US-Dollar. Hien huet 1975, zesumme mam Paul Allen, d'Microsoft Corporation gegrënnt. Hien huet bei Microsft ongeféier 1,1 Milliard Aktien (déi eng 41 Mrd. US-Dollar wäert sinn); dat entsprécht méi wéi 10 % vum Grondkapital vun där Gesellschaft.

Hien ass President vum Opsiichtsrot vu Microsoft a war bis 2006 Leeder vun hirer Entwécklungsdivisioun („Chief Software Architect“). Zanter Dezember 2004 ass hien doriwwer eraus Member vum Direktorium (Board of Directors) vu Berkshire Hathaway, der Investmentholding vum Warren Buffett. De Bill Gates huet och Aktie vu McDonald's an der Héicht vu ronn 35 Milliounen US-Dollar (2007) a vum Fotokonzern Eastman Kodak.

Den 12. September 2007 huet hien op der Assemblée vu Microsoft offiziell säin Abschied geholl.

Auszechnungen an Unerkennungen[änneren | Quelltext änneren]

  • De Bill Gates ass ënner anerem Dokter honoris causa vun der Nijenrode Universitéit an Holland

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bill Gates – Biller, Videoen oder Audiodateien