Billy Graham

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Billy Graham
am Joer 1966
Gebuertsnumm William Franklin Graham Jr.
Gebuer 7. November 1918
Charlotte
Gestuerwen 21. Februar 2018
Montreat
Doudesursaach Parkinson-Krankheet
Nationalitéit USA
Aktivitéit Theolog, Autobiograph, Kleriker, Priedeger
Partei Demokratesch Partei
Famill
Bestuet mat Ruth Graham
Kanner Anne Graham Lotz

De William Franklin "Billy" Graham Jr., gebuer de 7. November 1918 zu Charlotte am Bundesstaat North Carolina a gestuerwen den 21. Februar 2018 zu Montreat och am North Carolina, war en US-amerikanesche Baptistepaschtouer, Missionnaire, Theolog an Auteur. Hie war Member vun der Southern Baptist Convention.

De Graham gouf als ee vun de mächtegsten amerikanesche Priedeger vum 20. Joerhonnert an als ee vun de wäitbekanntste Priedeger vun der moderner Geschicht vum Chrëschtentum consideréiert. Hien hat internationale Succès, an huet mat senger Fra Ruth Bell Graham d'Evangelium op der ganzer Welt gepriedegt.

De Billy Graham hat grouss Medienoptrëtt, zum Beispill huet hien déi beléift Radiosshow Hour of Decision moderéiert. Hie war och en Televangelist, a war den Auteur vun de verschiddene reliéise Bicher, ënner anerem How to Be Born Again (1977) an Angels: God's Secret Agents (1975).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Billy Graham – Biller, Videoen oder Audiodateien