Bleichert

Vu Wikipedia

Adolf Bleichert & Co war vun 1874 bis 1938 e bekannten däitschen Ingenieursbüro, a Konstruktiounsfirma.

D'Firma gouf 1874 vum Adolf Bleichert a sengem Frënd Theodor Otto gegrënnt, wéi déi zwéin en Ingenieursbüro zu Schkeuditz bei Leipzig opgemaach hunn. Si hu kuerz duerno de Firmesëtz op Leipzig geplënnert.

Den Adolf Bleichert - Grënner vum Bleichert-Seelbunnsystem
Postkaart vun 1910 mat den Ateliere vum Adolf Bleichert & Co Leipzig-Gohlis

1876 huet den Otto sech vum Bleichert getrennt, an huet zu Schkeuditz eng eege Firma gegrënnt. De Bleichert blouf zu Leipzig-Gohlis, a säi Betrib huet sech zu dem deemools gréisste Seelbunneconstructeur entwéckelt. Säin éischte groussen Optrag war d'Konstruktioun vun enger Seelbunn fir d'Firma Alfred Krupp. Duerno huet d'Firma Bleichert bis 1890 iwwer 600 Seelbunne gebaut, dorënner déi vun der Minière Doihl op Rodange.

Eng vun de längste Seelbunnen déi d'Firma gebaut huet, war eng Seelbunn an Argentinien an dem Minièresgebitt ëm Famatina an der Provënz Argentinien mat enger Längt vu 34 km, fir Goldäerz ze transportéieren. Besonnesch un där Bunn war, datt déi ganz Streck mat hiren 9 Sektiounen zu Leipzig-Gohlis fabrizéiert gouf, virmontéiert, duerno afmontéiert, a vun Hamburg aus mam Schëff op Buenos Aires transportéiert gouf an duerno mam Zuch op Chilcito geliwwert gouf.[1]

Bis 1905 hat d'Firma Bleichert iwwer 1.500 Seelbunnen uechter d'Welt opgeriicht a bis an 30er Joren der iwwer 3.000.

De Betrib gouf 1932 (1937?)zougemaach wéinst Faillite, duerno hunn d'VTA an d'TAKRAF d'Sucsessioun fir d'Seelbunnen iwwerholl a bis 1992, um Terrain vun der Bleichert GmbH zu Leipzig-Gohlis weidergeschafft.

E Konsortium vun der Firma Bleichert a Pohlig-Heckel huet ënner dem Numm PHB a PHB/Hall, tëscht 1955 an Enn der 80er Joren, Schilifter gebaut.

Duerch e Lizenzkontrakt mat dem Luis Zuegg koum et zur Entwécklung vum Bleichert-Zuegg-System, dat fir d'éischt 1923 beim Bau vun enger Seelbunn vun Hafling op Meran agesat gouf.

Bekannt Seelbunnen, Accessoiren a Konstruktiounen ënner Lizenz[änneren | Quelltext änneren]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Schmoll, Weltseilbahngeschichte, Bd. I op Säit 71