Blitzschach

Vu Wikipedia
Dëse Schachartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Blitzschach oder kuerz Blitz ass eng Form vum Schachspill, bei där jiddwer Spiller fir déi ganz Partie eng Bedenkzäit vu manner wéi fofzéng Minutten huet. Wann ee Spiller seng Zäit komplett verbraucht huet, verléiert en d'Partie, et sief dann, de Géigner huet zu deem Zäitpunkt net méi genuch Material fir matt ze setzen. An deem Fall ass d'Partie remis.

Blitzschach läit an der Geschwindegkeet tëscht Schnellschach (mat Bedenkzäiten tëscht 15 a 60 Minutten) a Bullet-Schach (mat manner wéi 3 Minutten), dat heefeg am Internet gespillt gëtt.