Bluttbuch zu Bouferdeng

Vu Wikipedia
D'Bluttbuch am Park zu Bouferdeng. Lénks d'Altersheem (CIPA). (Mäerz 2008).
D'Bluttbuch am Fréijoer, vum Altersheem aus gesinn. Am Hannergrond: d'Boufer Kierch. (Mee 2008).

D'Bluttbuch vu Bouferdeng war eng bemierkenwäert Bluttbuch (Fagus sylvaticus L. cv. purpurea), déi virum Altersheem am Park zu Bouferdeng stoung.

Si ass 2022 ewechgeholl ginn.

Si huet, wéi se nach stoung, als déi schéinst Bluttbuch zu Lëtzebuerg gegollt an ass duerch hir gewalteg a gutt proportionéiert Kroun opgefall. Schonn op enger Héicht vun 2 m hu sech d'Äscht a voller Breet ausgestreckt. Op enger Héicht vu ronn 1 m ass e 'Rëss' ronderëm de Stamm gelaf, warscheinlech den Usaz wou d'Kroun opgeprafft gouf (Modert 1962).

D'Buch stoung an enger klenger Sank déi fir si beim Bau vum Altersheem amenagéiert gouf.

D'Bluttbuch zu Bouferdeng stoung um Inventaire supplémentaire des monuments nationaux (arrêté ministériel vum 29. Mäerz 1974).

Den Ëmfank vum Stamm huet follgendermoossen zougeholl:

  • 1958: 5 m (op 1,05 m Héicht);
  • 1980: 5,60 m (op 1,30 m Héicht) bei enger Gréisst vu 25 m.

Ëm 2000 gouf eng Gréisst vun 30 m gemooss.

2022 gouf d'Bluttbuch gefällt. Si ass och net méi op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter ze fannen.[1]

Am Bouferdenger Park sti follgend aner al bemierkenswäert Beem:

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des Eaux et Forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 80-81, Text a Foto).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 52-53, Foto an Text).
  • Paul Modert, 1962. Die Baumriesen des Luxemburger Landes. Erster Teil. Die Eichen, Linden und Buchen. 32 S. Broschür ouni Numm vum Éditeur a vun der Dréckerei. (Cf. S. 19, Foto S. 20).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

Detail vum Opbau
Foto aus Modert 1962

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 9. Juni 2023).