Bobby Charles

Vu Wikipedia
Bobby Charles
Gebuer 21. Februar 1938
Gestuerwen 14. Januar 2010
Louisiana
Nationalitéit USA
Aktivitéit Liddermécher, Komponist, Sänger

De Bobby Charles, mam richtegen Numm Robert Charles Guidry, gebuer den 21. Februar 1938 zu Abbeville (Louisiana), a gestuerwen de 14. Januar 2010, war en US-amerikanesche Singer-songwriter.

De Bobby Charles ass a Louisiana opgewuess, wou en a Kontakt mat der Cajunmusek koum. Méi spéit huet hie sech méi a Richtung Blues a Rockmusek orientéiert. Als jonke Mann huet hien d'Lidd See You Later Alligator geschriwwen, dat 1956 an der Interpretatioun vum Bill Haley and His Comets en Hit an de Vereenegte Staate gouf. 1960 huet de Fats Domino eng Coverversioun vu sengem Stéck Walking to New Orleans erausbruecht.

1993 huet dem Bobby Charles seng Kompositioun It keeps raining (Tears from my eyes), interpretéiert vum Bitty McLean, déi éischt Plaz an den amerikaneschen Top-40 beluecht. Den Charles hat se schonn an den 1950er Jore mam Fats Domino zesumme geschriwwen.

Bekannt Albe vum Charles/Guidry sinn ë. a. Wish You Were Here Right Now (1995), Secrets of the Heart (1998) an Homemade Songs (2008).