Borazin

Vu Wikipedia
Borazin
Borazin
Systemateschen Numm (IUPAC) 1,3,5,2,4,6-Triazatriborinane
Trivialen Numm Borazin, Cyclotriborazan, Borazol
Cheemesch Formel B3H6N3
Ausgesinn ?
Eegenschaften
Dicht 0,83 g/cm3
Léislechkeet ?
Molmass 80,53 g/mol
Schmëlzpunkt –58 °C
Kachpunkt 53 °C
Thermodynamesch Daten
Standard Formatiounsenthalpie
ΔfH0
? KJ·mol−1
Standardentropie
S0
? J·K−1·mol−1
Verbrennungsenthalpie
ΔcH0
? KJ·mol−1
Weideres
Änlech Moleküllen ?
Cheemesch Famill ?
Aner Donnéeën
CAS-Nummer 6569-51-3
Kritesch Temperatur 251.85 °C
Kristalldicht 1,00 kg/m³ beim Schmëlzpunkt
Uewerflächespannung 31,1 dynes/cm beim Schmëlzpunkt
Dampdrock - Pa (x °C)
Sécherheetshiweiser
Geforesymboler
?
R- an S-Sätz R:
S:
MAK ?
Sowäit méiglech, ginn SI-Eenheete benotzt. Wann net anescht uginn, gëllen d'Date bei Standardbedingungen.

Borazin (Cyclotriborazan) ass eng rankfërmeg Verbindung aus Bor a Stéckstoff mat der Zommeformel B3H6N3. De Stéckstoff dréit mat senger fräier Elektronekoppel dozou bäi, datt déi Verbindung formal dem Benzol gläicht, obscho si d'Critère vun där Verbindung net erfëllt. Mä well d'Bindungslängte sech gläichen, gëtt dacks dem Kekule seng Strukturformel benotzt déi sech duerch déi an der Tabell resüméiere loossen. No enger Propos vum Nils Wiberg gëtt de Grondkierper vun där Verbindung och als anorganesche Benzol bezeechent. Doraus leet sech och déi systematesch net zoulässeg Bezeechnung Borazol of.

Ënnerscheed an der Bindungslängt zwëscht Benzol a Borazine
Allgemenges
Benzol Borazin
C-C:1,42 Å B-N: 1,44 Å
C-H: 1,08 Å N-H: 1,02 Å
B-H: 1,2 Å

Allgemeng Informatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Déi Famill vu Molekülle gëtt och nach Amine-Borane genannt.

Fir déi Molekülle si B an N Atomer wichteg. Verschidde Cheemiker vergläichen Amine-Boran dacks mat der C-C, allerdéngs sinn Iwwerschneidungen net all ze grouss.

Wéi den Numm et seet sinn et Moleküllen déi aus 2 anere Moleküllen, iwwer eng Dativ-Bindung zesummegesat sinn. Well Bor en Elektronendefizit huet, a Stéckstoff een Doublet huet, kënnt et sou zu enger staarker Bindung déi dacks R3N->BR3 duergestallt gëtt.[1] Mä R3N+-B-R3 ass och net falsch.[2]

Stäerkt vun där Bindung hänkt natierlech vun den R-Gruppen of. Eng Grupp déi et dem Stéckstoff erméiglecht méi Elektronendicht un de Bor ofzegi verstäerkt Bindung. Dat selwecht gëllt wann dem Bor seng Grupp méi um Bor-Atom zitt, z. B. R= Cl, F, Br, CF3,... Dat huet dann och Auswierkungen op déi physikalesch Eegenschafte vun de Moleküllen.

Hierstellung[änneren | Quelltext änneren]

Op Basis vu LiBH4 an Alkylammonium Chloride[3][änneren | Quelltext änneren]

Léisungsmëttel: frësch distilléierten Ether mat Alkylammoniumchlorid dran, an do drop léisst een da lues a lues Lithium Hydratborat Léisung drëpsen. Bei der Reaktioun entsteet H2 also muss een oppassen. Nach filtréieren an de Rescht Ether ënner Vakuum verdonsten. Déi Method geet relativ gutt an et brauch een net weider ze purifiéieren, wann dach, kann een et rekristalliséieren oder ënner Vakuum distilléieren.

Op Basis vu LiAlH4 an Trialkylboroxines[4][änneren | Quelltext änneren]

Als éischt eng Léisung vu LiAlH4 an dréchnen Ether preparéien. Dann Trimethlyamine derbäimaachen an déi selwecht Quantitéit (mol) vun Trialkylboroxine lues a lues drënner mëschen. Purifikatioun erfollegt duerch Rekristallisatioun oder Distillatioun.

Op Basis vu Pyridine-Phenylboranes[5][änneren | Quelltext änneren]

Als éischt eng Léisung vu LiAlH4 an dréchnen Ether preparéieren. Déi Léisung gëtt op -78 Grad Celsius gekillt ier dréchne Pyridine derbäigeschott gëtt. Dodrops gëtt eng Phenylborane-Ether Léisung drëpse gelooss, an duerno gëtt dat Ganzt erëm op Raumtemperatur komme geloss.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Borazine – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Sidgwick: The Elektronic Theory Valence,Oxford, Clarendon Press, 1927.
  2. Lowery: Trans. Faraday Soc. 18, 285, 1923.
  3. Nöth,H an H.Beyer: Chem. Ber. 93, 928, 1960.
  4. Hawthorne,M.F.: JACS. 83, 831, 1961.
  5. Hawthorne,M.F.: JACS. 80, 4293, 1958.