Boris Alexandrowitsch Woronzow-Weljaminow

Vu Wikipedia
Boris Alexandrowitsch Woronzow-Weljaminow
Gebuer 14. Februar 1904
Dnipro
Gestuerwen 27. Januar 1994
Moskau
Nationalitéit Russescht Keeserräich, Sowjetunioun, Russland
Aktivitéit Astrophysiker, Astronom, Auteur

De Boris Alexandrowitsch Woronzow-Weljaminow (Борис Александрович Воронцов-Вельяминов, englesch Schreifweis Vorontsov-Velyaminov), gebuer de 14. Februar 1904 zu Jekaterinoslaw a gestuerwen de 27. Januar 1994 zu Moskau, war e sowjeteschen Astronom an Astrophysiker.

Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Onofhängeg vum Robert Julius Trumpler entdeckt de Woronzow-Weljaminow d'Liichtabsorptioun duerch den interstellare Stëbs.

Hien hat en Atlas (Atlas of interacting galaxies) mat iwwer 800 ongewéinlechen, haaptsächlech Interaktiv Galaxien zesummegestallt, déi als Vorontsov-Velyaminov-Galaxië bekannt sinn a mat VV an enger Katalognummer bezeechent ginn.

Zesumme mat der Wera Petrowna Archipowa hat hien en ëmfangräiche morphologesche Galaxiëkatalog (Morphological Catalogue of Galaxies) mat ongeféier 30.000 Objeten opgestallt. Hien hat och Planetaresch Niwwelen ënnersicht a klassifizéiert.

Den Woronzow-Weljaminow ass och Auteur vun engem russeschen Astronomieléierbuch fir Héichschoulen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]