Robert Julius Trumpler
| Robert Julius Trumpler | |
|---|---|
| Gebuer |
2. Oktober 1886 Zürich |
| Gestuerwen |
10. September 1956 Berkeley |
| Nationalitéit | USA, Schwäiz |
| Educatioun |
Universitéit Zürich, Universitéit Göttingen |
| Aktivitéit | Astronom |
| Member vun | National Academy of Sciences |
|
| |
De Robert Julius Trumpler (bis 1915 Robert Trümpler, gebuer den 2. Oktober 1886 zu Zürich an der Schwäiz, a gestuerwen den 10. September 1956 zu Berkeley a Kalifornien, war en aus der Schwäizer-amerikaneschen Astronom.
Am Joer 1915 goung den Trumpler an d'USA, fir eng Plaz am Allegheny Observatoire unzehuelen. Spéider koum hien an de Lick-Observatoire. Am Joer 1921 gouf e Staatsbierger vun der USA. 1938 huet hien als Professer op d'University of California, Berkeley gewiesselt, wou e bis zu senger Emeritéierung 1951 blouf. Duerno huet hien zu Rio del Mar gelieft.
Den Trumpler ass virun allem wéinst senger Klassifizéierung vun oppene Stärekéip bekannt a fir d'Entdeckung vum Phenomeen vun der Liichtabsorptioun duerch interstellare Stëbs. E Marskrater an e Moundkrater goufen no him genannt.
