Boris Vian

Vu Wikipedia
Boris Vian
Gebuertsnumm Boris Paul Vian
Pseudonym Bison Ravi, Andy Blackshick, Xavier Clarke, S. Culape, Aimé Damour, Michel Delaroche, Joëlle Du Beausset, Gérard Dunoyer, Jules Dupont, Bison Duravi, Fanaton, Hugo Hachebuisson, Zéphirin Hanvélo, Onuphre Hirondelle, Amélie de Labmineuse, Odile Legrillon, Otto Link, Thomas Quan, Eugène Minoux, Gédéon Molle, Josèfe Pignerole, Adolphe Schmürz, Vernon Sullivan, Lydio Sincrazi, Anna Tof, Anna Tof de Raspail, Claude Varnier, Boriso Viana
Gebuer 10. Mäerz 1920
Ville-d'Avray
Gestuerwen 23. Juni 1959
7. Arrondissement
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Lycée Condorcet
Aktivitéit Dichter, Trompettist, Moler, Iwwersetzer, Ingenieur, Librettist, Dramatiker, Liddermécher, Dréibuchauteur, Jazzmuseker, Literaturkritiker, Musekskritiker, Prosaist, Schrëftsteller, Sänger, Schauspiller, Museker, Journalist
Famill
Bestuet mat Michelle Vian, Ursula Kübler
Liewenspartner(in) Hildegard Knef
Geschwëster Alain Vian
Kanner Patrick Vian, Carole Vian

De Boris Paul Vian, gebuer den 10. Mäerz 1920 zu Ville-d'Avray, a gestuerwen den 23. Juni 1959 bei Paräis, war e franséische Schrëftsteller, Ingenieur, Dichter, Chansonnier an Jazztrompettist. Hien huet och ënner dem Pseudonym Vernon Sullivan publizéiert.

Hien ass den Auteur vun 11 Romaner, 4 Gedichtersammlungen, e puer Theaterstécker, Dréibicher, enger 400 Chansonen (mat dat bekanntst: Le déserteur), asw. Ë. a. huet hien och dem Raymond Chandler säi Wierk op Franséisch iwwersat.

Seng Lidder goufen ë. a. vum Serge Reggiani, Juliette Gréco, Nana Mouskouri, Yves Montand, Magali Noel an Henri Salvador gesongen. De Serge Gainsbourg sot, de Vian hätt him den Ustouss ginn, selwer Lidder ze schreiwen.

Hien huet och fir Zäitschrëften iwwer Jazz (Jazz Hot, Paris Jazz) geschriwwen a Kontakter zu amerikaneschen Jazzmuseker wéi dem Duke Ellingtion oder dem Miles Davis geknëppt, wéi déi zu Paräis opgetruede sinn.

Hie war mat der Schauspillerin Ursula Kübler bestuet.

Wierk (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Als Boris Vian[änneren | Quelltext änneren]

  • Trouble dans les Andains (1947, posthum 1966 publizéiert)
  • Vercoquin et le plancton (1947)
  • L'Écume des Jours (1947)
  • L'automne a Pekin (1947)
  • Les Fourmis (1949, Kuerzgeschichten)
  • L'Herbe rouge (1950)
  • L'Arrache-coeur (1953)
  • Le loup garou (posthum 1970 publizéiert, Kuerzgeschichten)

Als Vernon Sullivan[änneren | Quelltext änneren]

  • J'irai cracher sur vos tombes (1946)
  • Les morts ont tous la même peau (1947)
  • Et on tuera tous les affreux (1948)
  • Elles se rendent pas compte (1949)

De Boris Vian an de Kino[änneren | Quelltext änneren]

als Dréibuchauteur[änneren | Quelltext änneren]

als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

Filmer no Bicher vum Vian[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Boris Vian – Biller, Videoen oder Audiodateien