Botterkräiz

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Déi staark verwittert Iwwerreschter vum Botterkräiz

Botterkräiz ass den Numm vun engem Weekräiz, op der Kräizung vun der Dräikantonstrooss mat dem CR101 zu Garnech. Fréier stoung net wäit vun der Kräizung um Laf vun der Mamer d'Wollefsmille mat engem grousse Bauerenhaff deen an den 1990er Joren ewechgerappt gouf.

Nach méi fréi stoung och nach eng Molkerei do. Enn der 1950er Jore war et nëmme méi eng Ruin. Den Numm "Botterkräiz" kënnt vun dëser Molkerei.

Par Analogie gëtt d'Kräizung och um Botterkräiz genannt. D'Busser vun den RGTR-Linnen 241 an 344 hunn do eng Halt Botterkräiz.