Bouneschbaach

Vu Wikipedia
Bouneschbaach
D'Baach bei der Rue Andethana zu Ueweraanwen
Geographie
Land Lëtzebuerg
Uertschaften Nidderaanwen - Schëtter

D'Bouneschbbaach ass eng Baach um Territoire vun der Gemeng Nidderaanwen.

Si entsteet aus dem Zesummelaf vun zwéi Grief nërdlech vun Ueweraanwen op enger Héicht vun 270 Meter.

Vun do leeft se a südëstlecher Richtung bis op Ueweraanwen, wou se ënner der Rue Andethana, dem CR132 erduerch leeft, fir da praktesch parallel mat deem bis op d'Kräizung mat der N1 ze lafen. Do geet et da queesch ënner deenen zwou Stroossen erduerch, fir op der Millewiss nach eng Kéier ënner dem CR132 erduerchzekommen. Da geet et eng ronn 1.400 Meter duerch e Wisendall bis op der Flouer Weschbrillchen, wou se ënner der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Waasserbëlleg erduerch muss, fir dann no ronn 150 Meter, op enger Héicht vun 242 Meter an d'Sir ze lafen.

Op de leschte 50 Meter markéiert se d'Gemengegrenz mat Schëtter.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]