Bréck vu Meung-sur-Loire

Vu Wikipedia
D'Reschter vun der Bréck déi d'Jeanne d'Arc eruewert hat.
D'Bréck vum lénksen Uwänner gesinn

D'Bréck vu Meung-sur-Loire ass eng Stroossebréck iwwer d'Loire zu Meung-sur-Loire am franséischen Departement Loiret.

Iwwer d'Bréck féiert d'Departementale D18. Et ass eng Hänkbréck. Et ass déi véiert Bréck op där Plaz, an déi fënneft zu Meung.

Déi al Bréck[änneren | Quelltext änneren]

Vun der éischter Bréck zu Meung ass net vill gewosst ausser datt se am 15. Joerhonnert eng ronn 450 Meter flossopwäerts vun der haiteger stoung, an datt d'Jeanne d'Arc se de 15. Juni 1429 [1] an der Zäit vum Honnertjärege Krich, bei der Schluecht vu Meung-sur-Loire, den Englänner ofgeknäppt hat. Den 18. Juni goufen d'Englänner dunn och aus der Stad verdriwwen. Haut erënnert eng Plack um Relais Louis XI um rietsen Uwänner net wäit vun de Reschter vun der Bréck un déi Dot. Am Laf vun der Zäit ass d'Bréck bei Héichwaasser beschiedegt ginn an an e Koup gefall. Duerno huet eng Pont den Déngscht bis 1836 gemaach.

D'Bréck vun 1836[änneren | Quelltext änneren]

D'Bréck vun 1929[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Musée de la Marine de la Loire D'une Rive à l'Autre, Musée de la Marine de la Loire, Châteauneuf-sur-Loire (France), ISBN 2951560214, 2001; pp. 55, 109.
  • Vannier, Serge Les ponts de la Loire, CPE - Communication-Presse-Edition, Romorantin-Lanthenay (France), ISBN 284503170X, 2002; pp. 205–206.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Journal du siège d'Orléans