Brécke vun Hasselt

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Brécke vun Hasselt
Brug bij Hasselt (N74) 2.jpg
Geographie
Land Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Plaz Hasselt
Koordinaten 50° 56’ 32’’ N
      05° 20’ 34’’ O
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck N74
Féiert iwwer Albertkanal (Pk 51,932)
Technesch Detailer
Bréckentyp Duebel Bow-string
Totallängt 117,00 m
Felder/Béi 1
Breet 40,40 m
Héicht vum Bou 20,15
Fräi Héicht 7 m
Material Stol
Bemierkungen
Ersetzt Vierendeelbréck vun 1950
Opgaangen 1985

D'Brécke vun Hasselt iwwer den Albertkanal zu Hasselt sinn zwou Brécken déi tëscht 1981 an 1985 gebaut goufen. Et si Bowstring-Brécken mat quesche Verstriewungen uewen tëscht de Béi a se stinn niefteneen um P.K. 51.962 vum Albertkanal.

D'Béi hunn eng Héicht vun 20,15 Meter an eng Drowäit vun 117 m. Den Tablier vun all Bréck huet eng Breet vun 20,2 m, wouvu 15,9 m fir d'Fuerbunne sinn.

Déi haiteg Brécke sinn d'Nofollger vun zwou Vierendeelbrécken a verschiddenen Noutbrécken aus der Zäit vum Zweete Weltkrich, a si wäerte wéinst dem Plang fir all d'Brécken iwwer den Albertkanal ze héijen oder z'ersetzen dat nächst Joerzéngt net méi erliewen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Wéi den Albertkanal tëscht 1930 an 1939 gebaut gouf, huet e ganze Koup Brécke misse gebaut ginn. Eng ronn 70 Stéck ware mat ageplangt an déi meescht dervu ware Vierendeelbrécken, sou och déi vun Hasselt. Wéi d'Bréck 1936 fäerdeg war, war et deemools mat 74,52 m déi längst geschweesst Bréck op der Welt. Den éischte Februar 1937 gouf d'Bréck fir de Verkéier opgemaach, mä de 14. Màerz 1938 ass d'Bréck kuerz nodeem den Tram Hasselt-Genk driwwer gefuer war, an dräi Stécker gebrach an an de Kanal gefall. Et gouf allerhand Spekulatioune fir déi Katastroph, et gouf souguer vu Sabotage geschwat, awer d'Enquête vu virum Krich hat als Haaptschëllegen d'Schweesstechnik erausfonnt. Wéi nom Krich nach méi sou Fäll bekannt goufen, gouf erausfonnt datt d'haaptsächlech d'Qualitéit vum Stol dee sech schlecht schweesse gelooss huet, dru schold war.

Als Ersatz gouf du séier eng Pontonsbréck gebaut, mä déi war just gutt fir Foussgänger a kleng Gefierer ënner 6 Tonnen.

Mëtt Abrëll 1938 huet dunn déi 2. Pontonnierskompanie vu Burcht an Zaldote vum 2. Geniesregiment vu Berchem eng Arméisbréck vum Typ Algrain fir Laaschte bis zu 18 Tonnen opgeriicht, déi an der Mëtt mat 2 Pilieren ofgestäipt war.

Am Mäerz 1941 gouf dunn eng nei Vierendeelbréck gebaut, déi Kéier awer mat genitten Dunnen. Déi Bréck gouf am September 1944 vun der Wehrmacht bei hiren Réckzuch gesprengt. Du koum eng en hëlzen Noutbréck an d'Plaz bis unfanks 1950 nees eng Vierendeel opgeriicht gouf. Wéi dunn Enn der 1970 er Joren de Kanal méi breet gemaach gouf gouf déi Bréck mat den zwou Brécken ersat déi lo nach do stinn.

D'Brécke vun Hasselt iwwer den Albertkanal


Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Prade, Marcel Les grands ponts du monde: Ponts remarquables d'Europe, Brissaud, Poitiers (France), ISBN 2902170653, 1990; pp. 165.
  • Moressée, G., 1937. Les Ponts Vierendeel Soudés, sur le Canal Albert. Revue Universelle des Mines 8e série (t.XIII,n°8), 325-337

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]