British & Irish Film Festival Luxembourg

Vu Wikipedia

De British & Irish Film Festival Luxembourg (kuerz BIFFL) ass e Filmfestival, deen zënter 2010 all Joer am September oder Oktober an der Stad Lëtzebuerg organiséiert gëtt.

En ass, wéi den Numm et scho seet, op Filmer aus Groussbritannien an Irland spezialiséiert, an haaptsächleche op onofhängeg Filmproduktiounen. E gëtt vun der SARL G-Media organiséiert.

Bis 2018 huet de Festival British & Irish Film Season (BIFS) geheescht, éier en 2019 fir seng 10. Editioun den haitegen Numm krut.[1]

Wärend der 12. Editioun am Joer 2021 goufen 21 Laangfilmer an e puer Kuerzfilmer gewisen, aus ënnerschiddleche Genren.[2] Zënter 2021 ginn och Filmpräisser verdeelt: ee vun der Association luxembourgeoise de la presse cinématographique (ALPC) an e Publikumspräis.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. lequotidien.lu: Le meilleur du Royaume-Uni et de l'Irlande à l'affiche vum Pablo Chimienti (7. September 2019)
  2. chronicle.lu: British & Irish Film Festival Luxembourg (BIFFL) (25. September 2021)