Bruno Di Sano

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Bruno DiSano)

De Bruno Di Sano, mam richtegen Numm Salvatore Disano, gebuer de 14. Oktober 1951 zu Saint-Nicolas an der Provënz Léck, ass e belsche Comicszeechner an Zeenarist.

Well säi Papp net un eng Karriär als Comicszeechner fir säi Bouf gegleeft huet, huet hien de Bruno gedoen, fir Mecanicien ze léieren. No sengem Brevet huet de Bruno a senger eegener Garage geschafft a gläichzäiteg e Fernkursus an Zeechne gemaach. Seng éischt Comicssäite goufen 1971 bei Aredit ënner dem Titel Waterloo publizéiert. Zwee Joer duerno kënnt am Thierry Groensteen sengem Fanzine Buck eng Kuerzgeschicht eraus. Uschléissend ass hie bei Renault Contact, am Fanzine À propos de... an am Spirou ënnerdaach komm. Wärend 10 Joer huet hien donieft och nach bei A.L.I. publizéiert an 1979 huet hien zesumme mat dem Hachel un 120 Strips vun der Serie Puppy geschafft.

1981 koum säin éischten Album bei Deligne eraus: L'Île de Cassiopée. Bei deem Editeur huet hien dem Jacques Géron seng Serie Les Conquistadors de la Liberté iwwerholl.

Zu där Zäit huet hie sech decidéiert, de Mecaniciensberuff un den Nol ze hänken an nëmme méi vum Zeechnen ze liewen. 1984 ass hien am Tintin ugetrueden an huet do seng Serie Arnold le Rêveur (zesumme mat den Zeenaristen Thaulez an Dufaux) erausginn an duerno gläich (erëm mat dem Dufaux a spéider mat dem Mythic) Le jeune Renaudin.

1988 huet hien dem Renaud seng Personnagen Platon, Torloche et Coquinette op Zenarie vum Didgé iwwerholl an zur selwechter Zäit dem Dupa beim Cubitus gehollef.

Wärend där Zäit huet hien ugefaange sech an Holland en Numm mat humoristesch-eroteschen Zeechnungen ze maachen. Déi Aarbechte si méi spéit a Frankräich ënner dem Titel BD Folies bei P&T Productions erauskomm. Hie verdankt säin Duerchbroch senger "patte coquine" a sengem Don fir erotesch "Jofferen" ze zeechnen. Erëm zesumme mat dem Mythic huet hien 1996 e semi-erotesche Comic erausginn: Alys et Vicky. Seng Aarbechten hu sech dauernd iwwerschnidden. Tëscht 1995 an 1998 huet den Di Sano op Zenarie vum André-Paul Duchâteau bei Lefrancq eng Comicadaptatioun vum Sherlock Holmes publizéiert.

2001 ass hien an d'Equipe vum François Walthéry komm, an där e seng Fäegkeet am Jofferenzeechnen an de Serien Dans la peau d'une femme (spéider ëmgedeeft op Johanna) an och an der Serie Natacha konnt ënner Beweis stellen. Nieft all deem schafft hien nach bei Vents d'Ouest un hire Serien " Le guide de..." mat.

De Bruno Di Sano ass en Zeechner, dee quasi op all populäre Festivallen an der Belsch an a Frankräich erëmzebegéinen ass. Hien ass och e reegelméissegen Invité um Comicsfestival zu Conter.