Buerg Eyneburg

Vu Wikipedia
Eyneburg
Land Belsch
Gemeng Kelmis
Koordinaten 50° 42’ 20’’ N 6° 0’ 57’’ E
Datum vum Bau Mëttelalter
Proprietär Däitschsproocheg Communautéit vun der Belsch

D'Eyneburg ass eng Buerg zu Hergenrath bei Kelmis, an der Belsch. Den Numm Eyneburg geet op d'Famill von Eyneberghe zeréck, där s'am 13. Joerhonnert gehéiert huet. Do dernieft gëtt si dacks vun de Leit aus der Géigend Emmaburg genannt, wat op eng Legend zeréckgeet, datt d'Emma,soit-disant eng Duechter vum Karel de Groussen, do mat hirem Amant Einhard gewunnt soll hunn.

Et ass eng vun de wéinegen Héichtebuergen am fréieren Herzogtum Limburg, wou déi meescht aner Buergen, déi et do gëtt, an Däller louchen, a mat Waassergrief geschützt waren.

D'Eyneburg gouf eng éischt Kéier 1260 an engem Dokument ernimmt. Noodeems s'eng Zäitchen am Besëtz vun der Famill von Eyneberghe war, goung se, nom Bestietnes vun der leschter Ierwin aus där Famill mam Daem von den Bongaert, un déi Famill iwwer. Hier Duechter Bela van den Bongaert huet sech mam Arnold von Tzevel bestuet, sou datt d'Buerg 1430 un d'Famill Tzevel iwwergoung, an eng Generatioun méi spéit dann, bei engem weidere Bestietnes, un d'Famill Dobbelstein zu Donrath, an där hirem Besëtz se déi nächst 3 Joerhonnerte bleiwe sollt.

D'Eyneburg ëm 1860

1640 ass d'Buerg ofgebrannt; se gouf ënnert dem Johann von Dobbelstein 1648 nees nei opgebaut. 1786 huet de Barong Karl August Dobbelstein von Donrath dem Rainer Josef Turbet vun Oochen d'Buerg verkaaft. Am 19. Joerhonnert huet s'e puermol de Proprietär gewiesselt. 1897 huet den Oochener Duchfabrikant Theodor Nellessen se kaaft a bis 1900/1901 deels nei opbauen a renovéiere gelooss. Zu där Zäit gouf och déi neigotesch Kapell derbäi opgeriicht. 1958 huet d'Famill Nellessen se der Hergenrather Kalkwerke A.G. vekaaft.

Den 18. Juli 1966 gouf d'Eyneburg ënner Monumenteschutz gestallt.

2001 huet d'Eyne GmbH se kaaft, fir do en europäeschen Zentrum fir en erliefbaart Mëttelalter dran z'amenagéieren.

Zanter 2011 steet se eidel.

Enn 2022 huet déi Däitschsproocheg Communautéit vun der Belsch d'Buerg fir 2,1 Milliounen Euro opkaaft.[1]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Alfred Bertha: Hergenrath. Eine Dorfchronik. GEV, Eupen 1996, ISBN 90-5433-077-5.
  • Guy Poswick: Les Delices du Duché de Limbourg. Plumhans, Verviers 1951, S. 325–330 (Digitalisat).
  • Heribert Reiners, Heinrich Neu: Die Kunstdenkmäler von Eupen-Malmedy. Nachdruck der Ausgabe Düsseldorf 1935. Schwann, Düsseldorf 1982, ISBN 3-590-32117-2.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Buerg Eyneburg – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. "La Communauté germanophone devient propriétaire du château d’Eyneburg." rtbf.be, 21.12.2022.