Buerg Useldeng

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
D'Buerg

D'Buerg vun Useldeng, Deel vun enger mëttelalterlecher Buerganlag, steet zu Useldeng, op engem Hiwwel (250 m iwwer dem Mier) um Uwänner vun der Atert.

Deen éischte Besëtzer, dee bekannt ass, war den Theobald vun Useldeng.

Haut si just nach Iwwerreschter dovun erhalen, dorënner e groussen Deel vun der Réngmauer an en Tuerm. Ronderëm ass en 10 m breede Gruef, iwwer deen een iwwer eng Bréck an d'Buerg erakënnt. Bannent der Buerganlag steet e véiereckegen, 25 m héije Buergfrid an et gëtt do en 2 m héije Pëtz. Ausserdeem sinn Deeler vun engem rechteckege Gebai, am nordëstlechn Deel vun der Réngmauer, erhalen.

De 14. November 1980 gouf d'Buerg op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationaalt Monument agedroen.[1] Tëscht 2002 an 2006 goufen archeologesch Ausgruewunge gemaach déi et erméiglecht hunn, déi wichtegst Etappe vun der Baugeschicht festzestellen.

De Service des sites et monuments nationaux huet d'Buerg vun der Mëtt vun den 1990er Joren bis 2008 restauréiert an se sou amenagéiert, datt behënnert Leit se kënne besichen. Mat groussem Opwand goufen sou z. B. Maquettë produzéiere gelooss, déi et Blannen erméiglechen ze taaschten, wat beschriwwe gëtt.

D'Käschte vun der Restauratioun an dem Amenagement vun deem Circuit hu sech op 7.464.000 Euro belaf.[2]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Useldange castle – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale (Lescht Versioun vum 23. November 2018).
  2. Nathalie Oberweis: "Un château (au prix) fort." Lëtzebuerger Land, 09.07.2010.