Buerg vu Franchimont
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
D'Buerg vu Franchimont ass eng Buerg an der belscher Gemeng Theux an der Provënz Léck.
Déi mëttelalterlech Buerg gouf do op engem Fielsvirspronk gebaut fir den Dall vun der Hoëgne ze kontrolléieren a war e wichtegt Element bei der Verdeedegung vum Prënzbistum Léck. Se gouf am 17. Joerhonnert demilitariséiert.
Mam Bau vun der Buerg war am 10. Joerhonnert ugefaange ginn an et war déi ëstlechst Festung vum Lécker Land. Déi aner waren op de Maarken am Westen, Fosses an Thuin an am Süden d'Buerg vu Bouillon. Do derbäi koumen nach d'Stadfestunge vun Dinant, Huy a Léck.