Bumer

Vu Wikipedia
Bumer
Film
Produktiounsland Russland
Produktiounsjoer 2003
Première 2. August 2003
Dauer 110 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Russesch
Ekipp
Regie Pjotr Buslow
Dréibuch

Pjotr Buslow

Denis Rodimin
Musek Sergei Schnurow
Produzent Sergej Tschlijanz
Wladimir Ignatjew
Schauspiller
Wladimir Wdowitschenkow als Kostjan "Kot"
Andrei Merslikin als Dimon "Oschparenny"
Sergei Gorobtschenko als Petja "Rama"
Maxim Konowalow als Ljocha "Killa"
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Bumer (russ. Бумер; ausgeschwat Bú-mir) ass den Debütfilm vum russesche Regisseur Pjotr Buslow aus dem Joer 2003.

Et ass a Roadmovie ronderëm véier Kolleegen, déi a Konflikt mat der Police a mat enger anerer Gangsterband geroden, an dowéinst aus Moskau an engem schwaarze BMW flüchten (de "Bumer", deen dem Film den Numm ginn huet).

Wéi d'Männer duerch d'russesch Provënz fuere begéine se Korruptioun, Gewalt, Aarmut a verschidden aner Situatioune déi charakteristesch ware fir de Misär an d'Herausfuerderungen am post-sowjetesche Russland. Et ass net nëmmen en Actionfilm, mä och eng Kritik un der Regierung vum Boris Jelzin, ënner där d'Land wärend der Transitiounsphas an d'fräi Maartwirtschaft an eng ökonomesch Kris gerutscht ass, an eng Generatioun vu verluerene Männer ervirbruecht huet di opgewuess sinn an enger Welt déi regéiert gouf vu kriminelle Gangs a korrupte Staatsleit.

Trotz engem limitéierte Budget vun ëmgerechent 700.000 US-Dollar an enger beschränkter Zuel vu Kinoen déi en erausbruecht hunn, gouf de Film en nationalen Hit, absënns wéinst senger cineastescher Qualitéit a sengem Soundtrack, dee populariséiert gouf duerch dem Serjoga (Серёга) säi Musekclip "Schwaarze BMW" ("Чёрный Бумер"). De Film huet am Ganzen 1.670.000 US Dollar agespillt an de Film wéi och de Soundtrack hu renomméiert Präisser gewonnen.

Wourëms geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Opgepasst : De Schluss vun der Geschicht oder en Deel dovu gëtt hei verroden!

Mer schreiwen d'Joer 1999[1], d'Kolleege Kostja, Petja, Ljocha an Dimon bilden eng kleng kriminell Vereenegung um Moskauer Gebitt. De Petja an de Ljocha klaue grad bei engem Geschäftsmann als "Strof" deem säi BMW (Serie 750IL 1994-2001). De Kostja fir säin Deel beschwätzt mat senger Frëndin Anastassija där hir Pläng fir zesummen a Frankräich ze plënneren, do schellt säin Handy an den Dimon erzielt wéi em grad säi Mercedes matzen am Verkéier geklaut gouf, mä en hätt matkritt wou se d'Déif kéinte fannen. Déi véier Kolleege fanne sech zesummen a stellen déi aner Band an engem Restaurant, de Ljocha erschéisst dobäi ee vun deenen aneren. Fir Gras iwwer d'Saach wuessen ze loosse beschléisse se sech an engem Kolleeg senger Datscha wäit ewech vu Moskau ze verstoppen, an huelen dofir net hir eegen Autoe mä dee grad geklautene BMW mat neie Placken. Et kënnt zu enger éischter Verfollgungsjuegd, mä si kommen dervun. Aus konspirative Grënn schalte se och all hir Handyen of (ausser de Kostja, dee säin net fanne kann).

Si kommen an eng éischt Policekontroll, wou se wéinst der nach net gefälschter Chassisnummer opfale, mä sech bei engem korrupte Beamte fräikafe kënnen.

Wéi se méi spéit tanke mussen, hu se dowéinst scho praktesch keng Sue méi, a si ginn dem Jong vun der Tankstell e Baseballschléier an d'Plaz. Do kräizt eng lokal Band ëm den Tankstellebesëtzer op, déi se awer besänftege kënnen andeems se hinnen en Autosradio iwwerloossen. Et gesäit een dunn an enger Niewegeschicht wéi sech de Jong wéinst dem Baseballschléier an e Rowdy a Klengkriminelle verwandelt.

Nächsten Halt fir dem Kostja z'erlabe kuerz auszetrieden, do komme stënterlech zwéi Polizisten déi se ofzocke wëllen, an dem Kostja dee grad erëm ass e Pak Suen als "Strof" aus dem Portmonni huelen. Wat se net gemierkt hunn ass datt de Kostja hinnen dee Bëndel Geldschäiner een Ablack virdrun aus hirem Auto geklaut huet. An der Niewegeschicht gesäit ee wéi ee vun den zwéi Polizisten eng Kéier owes kanounevoll vun enger Policefeier austrëtt, him e Geldschäin an de Schnéi fält, a wéi en e wëll oprafen e mat der Hänn an e Faangeise fir Wëld geréit.

Ee Stop méi wäit héiert den Dimon am Radio vun enger anerer Famill déi och grad do hält, wéi en Uruffer an enger Radiossendung e codéierte Message u si riicht, se géife schonn an der Datscha erwaart ginn. Am nächste Restaurant um Bord vun der Strooss gräift de Kostja zum Festnetztelefon an héiert vu senger Moskauer Kontaktpersoun bei der Police datt bei der Schéisserei en infiltréierten FSB V-Mann ëm d'Liewe koum an dowéinst ganz Moskau no hinne sicht. De Kostja wëll dunn als Alternativ bei sengem Kolleeg Slon ënnerkommen, mä dat sinn alt nees 900 km ze fueren, ouni Sue fir Bensinn. De Ljocha deen aus Frust bal Sträit ugefaangen huet mat engem Grupp Trucker um Niewendësch schléit hinnen du vir, se géint Suen ze "beschützen", wat déi awer oflenen. Deen eelste vun hinne geet grad op d'Toilett, do kënnt en neie Grupp eran, d'Trucker missten eraus, hir Camione géifen hënneren. Eis véier Kolleegen zéien herno deen eelste mat bei d'Fënster fir him ze weisen datt déi aner Trucker grad dobausse un aner Gauner gerode sinn déi hinnen en Deel vun der Fracht ewechhuele wëllen. Deen eelsten ass dunn d'accord, un déi véier ze bezuelen, déi du mat him erausginn an deenen anere wäismaachen d'Fracht géif hinne gehéieren a si géife fir eng aner Ënnerweltgréisst schaffen. Si begleeden duerno de Camionscortège bis déif an d'Nuet op eng Raschtplaz vun Trucker. Deen eelste bezillt wéi ofgemaach, mä déi aner vebriddere sech mat deenen aneren Trucker op der Plaz a wëllen déi véier Kolleegen zerschloen. Den Dimon gëtt vun engem mat engem laangen Tournevis uerg blesséiert (an der Niewegeschicht gesäit ee wéi den Tournevis spéider d'Camionshaische bei enger Motorsreparatur net dovun ofhält op den Trucker ze falen an en zum Invalid mécht, dee sech duerno net dergéint wiere kann datt seng Fra e viru senger Nues bedritt), an d'Situatioun kënnt eréischt nees ënner Kontroll wéi de Kostja et fäerdegbréngt zwéin Trucker unzeschéissen. Ier se am Bumer flüchte kënne schlitzt een Trucker hinnen nach d'Pneuen op.

Ënnerwee treffe se op eng Ambulanz, mä de Chauffeur ass just e Geméishändler deen d'Ambulanz kaaft huet fir se als Camionnette ze benotzen. Wéinstens kann en de Kolleegen de Wee beschreiwe fir bei eng Wonnerheelerin. Si mussen dofir awer iwwer e klenge Feldwee, wou se mat hire Platten am Schnéimatsch a Bulli stieche bleiwen. De Petja dréit den Dimon da bis an d'Duerf bei d'Wonnerheelerin, déi sech hirer och unhëlt. En eeleren Duerfbewunner zitt de Bumer mat sengem Kettegefier aus dem Bulli. Wéi de Petja nuets am Duerf e Pneu klaut fir en op dem Bumer seng Felg opzezéien, do bemierkt e wéi e vum jonke Katja beobacht gëtt, deem seng Mamm schwéier krank gouf an dat dowéinst aus der Stad als eenzegt Meedchen zeréck an d'Duerf koum. Déi zwéi schlofe mateneen, de Petja versprécht spéider erëmzekomme fir et mat op Moskau ze huelen. En e bëssen décklechen an ongeschéckerlechen Ex-Zaldot aus dem Duerf deen och en A op d'Katja huet bedreet de Petja dono mat engem Gewier, mä de Petja zerklappt en einfach. An der Niewegeschicht gesäit ee wéi den Ex-Zaldot dat schwangert Meedche Louder vernennt, mä Jore méi spéit wéi et schonn d'Duechter op d'Welt bruecht huet freet en hatt awer fir heen ze bestueden.

Mat neie Pneuen an engem Dimon deen nees transportabel ass geet et weider bei de Slon. De Kostja muss awer direkt mierken, datt säin ale Kolleeg selwer huet misse virun enger anerer Band flüchten. Déi véier huele sech doropshin e schappegt klengt Hotelszëmmer. Den Dimon läit nach ëmmer flaach, a gëtt zou datt him säi Mercedes net einfach sou geklaut gouf, mä datt heen déi aner als éischt duerch wëll Fuermanöver provozéiert hat. En ass verzweiwelt well se duerch seng Affär lo all sou vill Krämpes hunn. De Kostja versicht nuets iwwer eng Telefonszell u seng Frëndin Anastassija ze kommen, mä dat ass manifestement fortgeplënnert. Iwwerdeems ameséiere sech de Petja an de Ljocha an där Nuecht mat zwee Meedercher. Déi schaffen an engem Computerbuttek deen Enn der Woch d'Kees mécht, just ee Gardien op der Plaz, wat de Petja als gudde Coup gesäit fir u Suen ze kommen ier déi véier sech trenne sollten. De Kostja fënnt dat eng schlecht Iddi an et gëtt Sträit, zum Schluss wëllegt en awer an. Den Dimon wëll och onbedéngt matmaachen, wéinstens als Chauffeur.

D'Enn vun der Woch kënnt, all si se arméiert, et geet an de Computerbuttek. Schëss falen. Als éischt kënnt de Ljocha eraus, blesséiert mä mat engem Beidel am Grapp a glécklech. En zitt d'Opmierksamkeet vun enger Policepatrull op sech déi stënterlech laanschtgefuer koum, an en erschéisst nach e Polizist ier säi Chargeur eidel ass an e vun enger Kalaschnikow duerchlächert gëtt. De Kostja ass dunn och schonn eraus aus dem Buttek, e schleeft de Petja deen uerg verwonnt ass, mä en erwëscht selwer de Polizist déidlech deen de Ljocha erschoss huet. Zwéi weider Policewee sinn dunn awer schonn op der Plaz, an de Petja dréit sech virun de Kostja fir wéinstens deem säi Liewen ze retten. De Kostja rifft nom Dimon, mä de Bumer spréngt éiweg net un, a wéi de Motor dunn endlech leeft, do gesäit den Dimon schlussendlech awer keng Méiglechkeet fir nach effektiv ze hëllefen a fiert einfach fort. De Kostja gëtt bei engem Fluchtversuch verletzt an du verhaft.

Dem Dimon lafen ënnerwee d'Tréinen iwwer d'Baken. En Handy schellt, et ass dem Kostja säin deen ënner de Sëtz gerutscht war, d'Anastassija wëll mam Kostja schwätzen, den Dimon dréckt den Handy aus. An engem Feldwee léisst den Dimon de Bumer stoen, e léisst sech vun engem Bus iergendwouhi mathuelen. An der leschter Zeen gesäit een, wéi dem Bumer seng Batterie ëmmer méi platt gëtt a lues a lues d'Luuchte vum Auto ausginn.

Trivia[änneren | Quelltext änneren]

  • Mam Wuert "Bumer" gouf a Russland zur Zäit wéi de Film erauskoum ëmgankssproochlech d'Mark BMW bezeechent (an den USA schwätze se nach haut vu "Bimmer").
  • Um Ufank vum Film gesäit een, datt de BMW dee se klaue lettesch "LV" Placken huet. Entweeder soll d'Zeen a Lettland spillen, oder den Auto gehéiert engem Lett, oder den Auto gouf illegal a Russland importéiert an huet lettesch Placke fir d'Zollfuerderungen z'ëmgoen.
  • D'Schell vum Kostja sengem Handy war zesumme mam Haaptlidd aus dem Soundtrack dat dorop opgebaut ass fir déi éischt 3 Joer no der Premiere eng ganz populär Schell a Russland.[2]
  • D'Baussenopname sinn am Moskauer Oblast entstanen: an der Stad Kolomna, am Rajon Kolomna, an an der klenger Stad Swenigorod.
  • Kuerz nom Film huet d'Firma 1C e Computerspill erausbruecht mam Titel "Bumer: Ofgerappten Tierm" ("Бумер: Сорванные башни"), wat e ganz aneren Handlungslaf huet wéi de Film.
  • Den 12. Abrëll 2004 huet d'Filmgesellschaft STW (СТВ) eng parodistesch vertounte Versioun vum Film "Bumer" ënner dem Titel "Antibumer" (Антибумер) erausbruecht. De Bumer kritt d'Motorsgeräischer vun engem Saporojez verpasst an d'Dialoger sinn nei vertount gi sou datt déi véier Kolleegen elo versiche mat Hëllef vun engem Globus hire Wee a Portugal ze fanne fir bei d'EM 2004[3]. Verantwortlech fir déi "lächerlech Iwwersetzung" war den Dmitri Putschkow, besser bekannt ënner dem Pseudonym Goblin, an de Studio "Bojja iskra" (Божья искра). De Parodiesfilm gouf e puermol vun de Fernseesenderen TNT (ТНТ), Nasche Nowoje Kino (Наше Новое Кино) a REN TV (РЕН ТВ) gewisen.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • Abrëll 2004 — Präis "Nika" (Ника) fir die beschte Filmmusek (Sergei Schnurow)
  • Januar 2004 — Haaptpräis fir de beschte Film um Filmfestival "Geescht vum Feier" (Дух огня) zu Chanty-Mansijsk
  • Dezember 2003 — Präis "Gëllene Widder" (Золотой Овен) vun der Nationaler Corporatioun vun der Filmkritik an der Filmpress fir déi beschte Filmmusek (Sergei Schnurow)
  • August 2003 — Spezielle Preis vun der Jury "Fir de beschten Debüt" um XI. Kinosfestival "Fenster zu Europa" (Окно в Европу) zu Wyborg
  • Juni 2003 — Speziellt Evenement um XXV. Internationale Filmfestival Moskau (МКФ)

Soundtrack[änneren | Quelltext änneren]

Tracklëscht
Titel (iwwersat) Titel (original) Interpret Längt
01. Wouscht Шпана Diman 03:25
02. Fir keen ass et schued Никого не жалко Sergei Schnurow 03:22
03. Klon Клон SLOT 03:41
04. Engel Ангел Sergei Schnurow 04:48
05. Wanter gëtt et net Зимы не будет Leonid Fjodorow 02:42
06. Mix vum Mahler Микс Малера Snoop Jaba Jab 01:32
07. Aarsch Жопа Sergei Schnurow 04:13
08. D'Mamm seet mer Мама мне говорит Diody 03:16
09. Kaf mer dat… Купи мне это… Sveta Kolibaba 03:58
10. USD 1 000 000 1 000 000 USD Sapreschtschjonnye barabanschtschiki 03:52
11. Mamm, schëtt Мама, наливай Sergei Schnurow 02:34
12. Groove vun der Natioun Groove of the nation Second hand band 05:13
13. Handy Мобильник Sergei Schnurow 02:48
14. Wann nëmme gespéngelt Только бы прикалывало SLOT 02:42
15. Schwäizer Baronen Швейцарские бароны Ja i drug moi grusowik 03:01
16. Zweiwel Сомнение Fjodor Schaljapin 04:37
17. Theema vum Wee Тема дороги Sergei Schnurow 02:51
18. Zatz geholl Девок сняли Snoop Jaba Jab 05:54
19. Theema vun der Finall Тема финала Sergei Schnurow 01:22
20. Nieft Luhansk gouf gebuer Под Луганском родился Botanika 04:24
21. Handy (Remix) Мобильник (remix) Command com 02:54
22. Fir keen ass et schued (Radioversioun) Никого не жалко (радиоверсия) Sergei Schnurow 02:53
23. Salut Moricone Привет Мориконе Sergei Schnurow 03:45


Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Dem Ufank vum Film "Bumer. Film vtoroi" no ass de Kot de 6. Dezember 1999 an de Prisong komm.
  2. Статья «Шнур заработал $1 000 000 на мелодиях для мобильных» в «Комсомольской правде»
  3. Антибумер в переводе Гоблина