Pjotr Wiktorowitsch Buslow

Vu Wikipedia
Pjotr Wiktorowitsch Buslow
Gebuer 1. Juni 1976
Chabarowsk
Nationalitéit Russland
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Schauspiller

De Pjotr Wiktorowitsch Buslow (Пётр Викторович Буслов), gebuer den 1. Juni 1976 zu Chabarowsk, ass e russesche Filmregisseur.

Säi Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

De Buslow ass zu Wladiwostok opgewuess, duerno huet en um Gerassimow-Institut fir Kinematographie (ВГИК) zu Moskau studéiert. 2003 huet e mat just 700.000 US-Dollar säin Debutfilm Bumer gedréit, dee bis ewell 1,6 Mio. US-Dollar agespillt huet an op e puer russesche Filmfestivallen ausgezeechent gouf. De Buslow ass doranner och als Schauspiller ze gesinn, an der Roll vum Haaptmann vun der Bensinnsstatioun. 2006 huet de Buslow dann d'Fortsetzung Bumer. Film wtoroi (Бумер. Фильм второй) gedréit.

De Buslow war och Regisseur vun der Kaméidisserie Nascha Russia (Наша Russia) a vum Film Wyssozki - Merci, fir mäi Liewen (Высоцкий. Спасибо, что живой) iwwer den Dichter a Sänger Wladimir Wyssozki.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

  • 2003 — Bumer (Бумер) — Haaptmann op der Bensinnsstatioun
  • 2003 — Odisseja 1989 (Одиссея 1989) — Paschtéit
  • 2005 — Sovi menja Djinn (Зови меня Джинн) — Djinn
  • 2013 — Studija 17 (Студия 17) — sech selwer
  • 2018 — Domaschni arest (Домашний арест) — Pjotr Olegowitsch Tretjakow, Gesandte vum President
  • 2020 — Okajannyje dni (Окаянные дни) (Novell "Delowyje ljudi" / "Деловые люди") — Denis Olegowitsch Lapin, Déngschtkapitän

Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

Drébuchauteur[änneren | Quelltext änneren]

Produzent[änneren | Quelltext änneren]

  • 2015 — Rodina (Родина)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]