Bumerangniwwel

Vu Wikipedia
Bumerangniwwel, Foto vum Hubble-Weltraumteleskop.

De Bumerangniwwel ass en Niwwel, deen am Stärebild Centaurus läit. Hien ass ronn 5.000 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Den Niwwel ass mat 1 Kelvin déi kaalst Plaz am Universum, dee bausse vun engem Laboratoire bekannt ass. De Bumerangniwwel gouf duerch Gasstréim vun engem Stär a sengem Kär ausgestouss. De Gas distanzéiert sech mat ronn 600.000 km/h vum Stär ewech. Dës Expansioun ass e Grond fir d'Keelt vum Niwwel.

De Bumerangniwwel gouf am Joer 1998 vum Hubble-Weltraumteleskop detailléiert fotograféiert.

De Keith Taylor an de Mike Scarrott hunn dem Niwwel am Joer 1980 en Numm ginn, nodeem se hie mat engem groussen Teleskop an Australien observéiert hunn. Well si deemools net an der Lag waren, fir eenzel Detailer vum Niwwel z'erkennen, hu si ugeholl, datt den Niwwel wéi e Bumerang ausgesäit. Dofir den Numm Bumerang.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]