Buren

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Buren (vum afrikaanse Wuert Boere, wiertlech "Baueren") ginn zënter dem Enn vum 18. Joerhonnert déi Awunner aus Südafrika an Namibia genannt, déi Afrikaans - dat sech aus dem Hollänneschen entwéckelt huet - schwätzen an deenen hir Virfaren zënter 1652 aus Europa agewandert waren. Si selwer nenne sech Afrikaner(s) (fréier och alt Kaphollänner oder Wäissafrikaner).

Si hu sech ursprénglech an der Kapkolonie ëm de Kap vun der Gudder Hoffnung néiergelooss, déi zu der Nidderlännescher Ostindien-Kompanie (VOC) gehéiert huet. Ufanks vum 19. Joerhonnert hunn d'Briten d'Kapkolonie annexéiert, an en Deel vun de Buren huet sech no Norden an d'Land verzunn (dës Wanderung gouf Groussen Treck genannt), wou se déi sougenannt Burerepublike wéi Natalia, Transvaal an Oranje-Fräistaat gegrënnt hunn.

Natalia gouf schonn an der Mëtt vum 19. Joerhonnert eng britesch Kolonie, déi zwou aner hunn awer eréischt am Zweete Burekrich 1899–1902 hir Onofhängegkeet verluer.

D'Bure ware bis 1945 virun allem Farmer a Véiziichter. Vill vun hinne si Calvinisten.

1925 gouf Afrikaans nieft dem Engleschen déi zweeet offiziell Amtssprooch an der Südafrikanescher Unioun.

D'Buren haten e groussen Afloss an der dominanter Nationaler Partei (resp. National Party) an an der Regierung, déi d'Apartheid ëmmer méi ausgewäit huet, ir se 1994 bei den éischten allgemengen a fräie Walen hir Dominanz verluer huet an d'Apartheid ofgeschaaft gouf.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Buren – Biller, Videoen oder Audiodateien