Fedil - The Voice of Luxembourg's Industry

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Fedil - The Voice of Luxembourg's Industry
Ofkierzung Fedil
Zweck Federatioun
Grënnungsdatum 19.12.1918
Sëtz 7, Rue Alcide de Gasperi
L-1615 Lëtrzebuerg
President Georges Rassel
Member vu(n) UEL
Websäit fedil.lu


Fedil - The Voice of Luxembourg's Industry ass eng lëtzebuergesch ASBL[1] an eng multisektoriell Federatioun vun de Betriber aus de Beräicher Industrie, Bauwiesen an Zerwisser fir Entreprisen. Se geet op déi fréier Fédération des industriels luxembourgeois zeréck, déi den 19. Dezember 1918 gegrënnt gouf, véier Deeg nom Akraafttriede vum Aachtstonnendag[2].

D'Fedil këmmert sech drëm fir d'professionell Interessie vun hire Memberen ze schützen. Se ënnersicht engersäits och all wirtschaftlech a sozial Froen déi fir d'Entreprisen aus de genannte Secteure wichteg sinn an anersäits d'Entwécklung vun der Ekonomie oder der Privatinitiativ.

D'Federatioun ass hirersäits Member am Daachverband vun de lëtzebuergeschen Entreprisen, der Union des entreprises luxembourgeoises (UEL).

Den eegenen Donnéeën no, gouf d'Fedil den 19. Dezember 1918 gegrënnt[3]. Am Mémorial C steet als Grënnungsdatum de 25. November 1946[4].

Numm[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm vun der Federatioun huet sech esou entwéckelt:

  • 19.12.1918: Fédération des industriels luxembourgeois[5], mam Akronym Fedil
  • 24.04.2008: Fedil – Business Federation Luxembourg[6]
  • 04.04.2018: Fedil – The Voice of Luxembourg's Industry[7]

Presidence[änneren | Quelltext änneren]

President(in) vu(n) bis
Marc Assa 04.05.2000
Charles Krombach 04.05.2000
Robert Dennewald[8] 2012
Nicolas Buck 2019 huet demissionéiert fir President vun der UEL ze ginn
Michèle Detaille[9] 06.03.2019 2024
Georges Rassel[10] 23.04.2024

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. ënner der Nummer F6043 am Handelsregëster (lbr.lu) ageschriwwen
  2. (fr)Arrêté grand-ducal du 14 décembre 1918 concernant l'introduction de la journée de huit heures. data.legilux.public (14.12.2018). Gekuckt de(n) 25.03.2024.
  3. Extrait du procès-verbal de l'assemblée générale du 24 avril 2008: « L'association est dénommée « Fedil - Business Federation Luxembourg», en abrégé Fedil. Elle est l'émanation de la Fédération des Industriels Luxembourgeois créée le 19 décembre 1918. »
  4. F6043 op legilux.lu
  5. F6043 – Mofification dénomination
  6. F6043 – Refonte des statuts, 04.04.2018
  7. F6043 – Modification dénomination, 04.04.2018
  8. (fr)Fedil: Robert Dennewald rempile pour trois ans. virgule-online (2024-03-25). Gekuckt de(n) 2024-03-25.
  9. Michèle Detaille nei Presidentin op rtl.lu de 6. Mäerz 2019
  10. Changement à la présidence de la FEDIL – FEDIL. fedil.lu. Gekuckt de(n) 2024-03-24.