Côte de Stockeu

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Côte de Stockeu
Monument fir den Eddy Merckx
Monument fir den Eddy Merckx
Land Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Héicht (Depart) 274,50 m
Héicht (Arrivée) 506 m
Längt 2.400 m
Ufank Stavelot
Enn Hénumont
Denivellatioun 231,5 m
Pente (Moyenne) 9,64 %
Pente (Maximum) 21,0 %

D'Côte de Stockeu och dacks einfach Stockeu gennannt ass e géie Stouss vun 2400 m zu Stavelot déi vum Dall vun de Amblève op d'Héicht vun Hénumont an der Gemeng Trois-Ponts féiert. Si huet eng Pente vun an der Moyenne 9,6 % a mat engem Maximum vun 21 %. Et ass eng Kopp déi reegeeméisseg um Programm vu Léck-Baschtnech-Léck steet.

Am hallwe Stouss do wou de Stockeu op d'Route de Somagne stéisst steet e Monument dat un den Eddy Merckz erënnert deen d'Doyenne fënnefmol konnt gewannen.

De séierste Coureur am Stouss ass bis haut (2020) den Ignace Boering, dee beim Léck-Baaschtnech-Léck 1978 no 6 Minutten an 23 Sekonnen iwwer d'Kopp gefuer ass an domat dem Otto de Graaf säi Rekod vun 1969 gebrach hat.

Hir Konterparti fir vun der anerer Säit op d'Kopp ze kommen ass d'Côte de Wanne.