CFL 1600

Vu Wikipedia
D'Lok 1604 zu Péiteng



D' CFL -Lokomotiven aus der Serie 1600 sinn Diesel-elektresch Lokomotiven.

Nodeems déi belsch Staatsbunn SNCB 1954 nei Diesellokomotive bestallt hat, goufe bei der Ausliwwerung 1955 der véier dovun un d' CFL verkaaft. Déi Maschinne waren ageriicht fir eng Vitesse vun 120 km an der Stonn. Gebaut goufe se vun der belscher Fabréck Anglo-Franco-Belge, déi vun der schwedescher Nydqvist och Holm eng Lizenz dofir kritt hat.


Déi véier Lokomotive kruten d'Nummeren 1601 bis 1604 a ware wäirout (RAL 3005) a giel (RAL 1004) lackéiert.
1971 goufen déi kleng Nummeren an den alen CFL-Logo duerch méi groussgeschriwwen Nummeren an en neie Logo ersat.

1601

1984 war d' 1601 déi éischt vun der Serie, déi ausgemustert gouf. 1989 gouf se, als eenzeg 1600er, verschrott.

1602

Nodeems d'1602 1994 ausgemustert gouf, huet Märklin se kaaft a se no enger Zäit un déi belsch PFT/TSP viruverkaaft. Si ass zwëschenzäitlech an den SNCB Farwen lackéiert a krut d'Nummer 202020 verpasst, eng Nummer déi se eventuel 1955 als SNCB Maschinn kritt hätt. Hei kann een driwwer diskutéieren, well d'1602 déi éischt Maschi war déi un d'CFL geliwwert gouf an d'Fabriknummer 156 hat. D'5408 ex-202018 haat d'Fabriknummer 155. Theoretesch hätt also d'1602 missen d'202019 ginn.

1603

D' 1603 ass no der Ausmusterung op der Vennbunn gefuer a gouf 2006 vun der PFT/TSP kaaft

1604

D' 1604 ass zu Lëtzebuerg bliwwen, gouf an d'Rei gesat, a gehéiert dem Service des sites et monuments nationaux.

Um Spaweck