Cabo da Roca
Ausgesinn
| ||||
---|---|---|---|---|
Land | Portugal | |||
Regioun : | Lisboa e Vale do Tejo | |||
Distrikt : | Lisboa | |||
Gemeng : | Sintra | |||
Koordinaten : | 38° 46’ 51’’ N 09° 30’ 02’’ W |
De Cabo da Roca ass dee westlechste Punkt um Festland vum europäesche Kontinent. E läit a Portugal op der Atlantikküst westlech vu Lissabon op enger Héicht vun 140 Meter iwwert dem Mieresspigel. De Cabo da Roca läit an der Sektioun (freguesia) Colares vun der Gemeng (concelho respektiv municipio) Sintra.
Et gëtt do e Liichttuerm, en Touristeninformatiounsbüro, e Bistro an e Mast fir Séifunk.
Op den Hänk wiisst d'Carpobrotus edulis, déi sech do invasiv verbreet. An de Fielswänn hu Spuervullen (Falco peregrinus) a Kréchelen (Falco tinnunculus) hir Näschter.
De portugiseschen Nationaldichter Luís de Camões huet dës Plaz esou beschriwwen: "Hei… Wou d'Äerd ophält an d'Mier ufänkt…" (Aqui… onde a terra se acaba e o mar começa...).
-
Vue vum Kap no Norden
-
Liichttuerm
-
Liichttuerm mat Gebaier ronderëm (2003)
-
Panorama iwwert d'Mier nom Sonnenënnergang
-
Kräiz
-
Cabo da Roca / Vue op den Atlantik
-
Cabo da Roca / Vegetatioun
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Cabo de São Vicente – Südwestlechste Punkt vu Kontinentaleuropa
Um Spwaxeck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Cabo da Roca – Biller, Videoen oder Audiodateien |