Calatrava-Brécken
Ausgesinn
Lëscht vu Calatrava-Brécken
Belsch
[änneren | Quelltext änneren]- Pont de l'Observatoire och Pont Calatrava genannt zu Léck, als Afaart fir an de Parking vun der Gare Guillemins.
Däitschland
[änneren | Quelltext änneren]- Kronprinzenbrücke zu Mitte am Bundesland Berlin. Et ass eng Boubréck iwwer d'Spree, a gouf tëscht 1991 an 1996 gebaut.
Frankräich
[änneren | Quelltext änneren]- Pont de l'Europe oder och Pont Ouest ass eng Stroossebréck zu Orléans iwwer d'Loire. Et ass eng Bow-string-Bréck, a gouf tëscht 1996 an 2000 gebaut.
Griicheland
[änneren | Quelltext änneren]- Katehaki-Bréck ass en Schréiseel- a Foussgängerbréck zu Athen.
Holland
[änneren | Quelltext änneren]- Dräi Schréiseelbrécken iwwer den Hoofdvaart-Kanal zu Haarlemmermeer an Nordholland.
Irland
[änneren | Quelltext änneren]- James Joyce-Bréck ass eng Stroossebréck zu Dublin. Et ass eng Boubréck a si geet iwwer de Floss Liffey.
Spuenien
[änneren | Quelltext änneren]- D'Alamillo-Bréck ((es) Puente del Alamillo) ass eng asymmetresch Schréiseelbréck zu Sevilla iwwer de Floss Guadalquivir. D'Bréck ass zanter 1992 a Betrib.
- D'Bréck vum 9. Oktober ((es) Puente 9 d'Octubre) ass eng Dunnebréck zu Valencia iwwer de Floss Turia. Se gouf tëscht 1986 an 1989 gebaut.
- D'Alameda-Bréck ((es) Puente de la Exposición) ass eng Boubréck zu Valencia iwwer de Floss Turia. Se gouf tëscht 1991 an 1995 gebaut.
- Bach de Roda-Felipe II.-Bréck ass eng Boubréck zu Barcelona. Se gouf tëscht 1984 an 1987 gebaut.
- Pasarela Jorge Manrique ass eng Foussgängerbréck zu Murcia.
- Spidolsbréck zu Murcia.
- Zubi-Zuri, Wäiss Bréck oder Foussgängerbréck vum Campo Volantin ass eng Boubréck zu Bilbao. Se gouf tëscht 1994 an 1997 gebaut.
- La Devesa-Bréck, ass eng Foussgängerbréck iwwer de Floss Ter, zu Ripoll a Spuenien. Se gouf tëscht 1989 an 1991 gebaut.
USA
[änneren | Quelltext änneren]- I-30 Bridge ass eng Autobunnsbréck zu Dallas am Texas. Et ass eng Boubréck déi zanter 2006 nach an der Aarbecht ass.