Calquepabeier

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat "Fuschpabeier" am Sënn vum "Calquepabeier". Fir aner Bedeitunge vu "Fuschpabeier", kuckt wgl. Fuschpabeier.
Transparenz vu Calquepabeier

Calquepabeier[1], Calquéierpabeier[2] oder Fuschpabeier, ass hallef-duerchsichtegen, mä feste Pabeier, mat deem een e Calque ka maachen andeems ee Motiver op Zeechnungen, déi drënner leien, no- an ofmole kann.

Éier Computeren zum Asaz komm sinn gouf de Calquepabeier vun Architekten a Maschinnebauconstructeure gebraucht fir Pläng ze zeechnen. Dobäi gouf mat Tusch geschafft, well déi net op deem Pabeier verleeft a sou schaarf a genee Strécher konnte gezu ginn. Bei Feeler konnt een déi mat engem Radéiermesser ausradéieren a frësch zeechnen. De Calque gouf dann op liichtempfindleche Pabeier geluecht a beliicht. Dëse Pabeier gouf am Ammoniak entwéckelt an et ass sou eng Kopie entstanen. Déi Prozedur hat de Virdeel datt een nodréiglech zu jiddwer Zäit Korrekturen um Original konnt maachen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Calquepabeier – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Opgrond vu falsch verstanener Etymologie geleeëntlech Kallekpabeier genannt.
  2. DFL, LWB, 6000 Wierder