Diskussioun:Calquepabeier

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Untitled[Quelltext änneren]

och wann et näischt mat Kallek ze dinn huet, gëtt en trotzdem och Kallekpabeier genannt (ween et net gleeft brauch nëmme Kallekpabeier ze googlen))

Ech hunn dat elo gemaach a knapps eng Hallefdose Resultater fonnt, dovun 3 vu Wikipedia, een op Facebook (wat net déi bescht Referenz fir gutt Lëtzebuergescht ass) an zweemol an engem Artikel vum Naturgeschichstmusée.
Fir Lemmaen op der Wikipedia hält ee sech am Beschten un Ausdréck déi een a lëtzebuergeschen Diktionären erëmfënnt, an net u Phantasiewierder déi einfach vun enger falscher Iwwersetzung oder Interpretatioun hierkommen. --81.242.165.79 12:03, 20. Dez. 2014 (UTC)
Fänk emol un, d'Leit ze froe wéi si dat nennen. D'Majoritéit wäert Kallekpabeier soen. Da spillt et keng Roll, op dat e "Phantasiewuert ass, dat einfach vun enger falscher Iwwersetzung oder Interpretatioun hierkënnt". E Phantasiewuert ass e t souwisou net wëll et geleefeg ass. Et ginn aner Wierder, déi vun enger falscher Bezeechnung hierkommen a sech trotzdem duerchgesat hunn. Wat ass deng Quell fir Calquepabeier? --Bdx (Diskussioun) 09:34, 30. Dez. 2014 (UTC)
W.e.G. Quellen uginn!! A keng déi sech op Internetsäite bezéien déi vun der Wikipedia ofgeleet sinn. Steet et an engem ëtzebuergeschen Dictionnaire?? Oder solle mer eis an d'Groussgaass stelle goen an d'Leit froen?? --91.180.219.12 09:38, 30. Dez. 2014 (UTC)
Et gi bestëmmte Wierder fir déi et eeben net vill geschriwwe Quelle ginn. An trotzdem weess jiddereen, datt et och esou genannt gëtt. Wou steet iwwregens Calquepabeier? A jo, sech an d'Groussgaass stellen an d'Leit froe wier eng Méiglechkeet. --Bdx (Diskussioun) 09:46, 30. Dez. 2014 (UTC)
Wéi ech gesinn méchs du der mol net d'Méi fir nozekucke wou den Ausdrock iwwerhaapt ze fannen ass. Calquepabeier, calquen a fuschen a Fuschpabeier a Pauspabeier steet an e puer Dictionären. Deng enzyklopedesch Approche ass wierklech net déi bescht. Mä wanns de gären eng Parti Leit frees da kanns de d'Fro z.B. hei stellen. --09:59, 30. Dez. 2014 (UTC)
Ech hunn keen Dictionär bei Hand. Denger - gudder - enzyklopedescher Approche no misst du capabel sinn, déi Dictionären unzeginn, an deng Commentairen ze ënnerschreiwen, LM.--Bdx (Diskussioun) 15:17, 30. Dez. 2014 (UTC)
Ech verstinn déi ganz Diskussioun hei net ganz, Calque (= Kalk) a Kallek ass fir mech datselwecht, just anescht geschriwwen.--MMFE (Diskussioun) 15:38, 30. Dez. 2014 (UTC)
Gudde Moien dir Hären: D'Wuert calque a calquer (fuschen, kopéieren) huet glat a guer näischt mat Kallek ze dinn. Deen heescht iwwregens chaux op franséisch an d'Aktioun fir mat Kallek ze schaffen heescht chauler. Am Däitschen ass d'Wuert als Transparentpapier bekannt. D'Hollänner an d'Flammänner soen Calqueerpapier awer och Kalkpapier. Am Lëtzebuergesche wier m. M. n. héchstens Kalkpabeier an net Kallek nach eng valabel Méiglechkeet.
Zu dëser Bemierkung: Denger - gudder - enzyklopedescher Approche no misst du capabel sinn, déi Dictionären unzeginn well ech mol just dat heite soen:
Et ass net deenen enge Mataarbechter hir Schold, wann anerer keen Dictionaire am Haus hunn, awer einfach eppes behaapten, ouni kënnen den halwe Schwanz vun enger Quell unzeginn. Et gëtt mol einfach eppes falsches an d'Welt gesat, an da sollen zum Schluss déi Leit déi mat Wierder hantéieren déi an den Dictionairen ze fanne sinn, déi musse beleeën, amplaz datt déi aner sech selwer informéieren ier se hei eppes behaapten. Dat ass de Won virun den Ochs gespaant. Ech verstinn och den Intressi net firwat datt een einfach eppes behaapt ouni scho fir unzefänken eng eenegermoosse seréis Quell ze hunn. --Les Meloures (Diskussioun) 16:55, 30. Dez. 2014 (UTC)
Zu dëser Bemierkung: Fänk emol un, d'Leit ze froe wéi si dat nennen. D'Majoritéit wäert Kallekpabeier soen.
Wann d'Majoritéit wäert soen, da schéngt dat jo mol guer net sou sécher ze sinn ob s'et och seet. Soll dat wierklech en Argument sinn???
P.S Am Däitschen nogesicht: Kalkieren — (frz. calquer), durchzeichnen; auf die zu kopierende Zeichnung wird ein durchsichtiges Blatt (Kalkierpapier) gelegt und mit einem Stift den Umrissen nachgefahren; die kopierte Zeichnung heißt Calque … --Les Meloures (Diskussioun) 17:26, 30. Dez. 2014 (UTC)

LOL, endlech ass en do, an wéi ëmmer ignoréiert en d'Realitéit a wëll eng ganz Sprooch esou gestallte wéi se him an de Krom passt. Wierder follegen awer net ëmmer logesche Regelen. Wa mir Kallekpabeier net dierfe Kallekpabeier nennen, opwuel dat e geleefegen Ausdrock ass, well en "glat a guer näischt mat Kallek ze dinn" huet, dann däerfe mir deementspriechend d'Mierschwéngchen och net Mierschwéngchen nenne well et näischt mat engem Schwäin ze dinn huet, oder?
NB: Les Meloures, du weess net op net och Damen un där Diskussioun hei bedeelegt sinn.--Bdx (Diskussioun) 08:25, 31. Dez. 2014 (UTC)


Met deem ganz groussen Ënnerscheed datt d'Mierschwéngerchen an e puer Dictionaire beluecht ass, an an e puer aner Sprooche sou opdauchen, an de Kallekpabeier net. Am Contraire zum onbekannten Zesummenhank vum Kallek mat deem Pabeier, ass gewosst datt grouss Schwäin zu de Mierschwéngercher an souguer Huesen zu där Famill gehéieren, an datt den Numm dohir kënnt wëll se an Europa net bekannt waren an iwwer d'Mier agefouert goufen. D'Relation mam Numm ass deemno schonn do. D'Fransouse nenne se Cochon d'Inde obschonn se net aus Indien kommen. Och do ass gewosst firwat. Beim Kallekpabeier weess ke Mënsch wat de Pabeier soll mat Kallek ze dinn hunn.
Ech weess och näischt mat denger Bemierkung vun den Damen unzefänken an et ass mer egal ob Damen hei matdiskutéieren oder net. De Genus vun engem Mataarbechter ännert näischt un den Argumenter. --Les Meloures (Diskussioun) 09:33, 31. Dez. 2014 (UTC)
Nach eng kleng Bäiluecht aus der Diskussioun Fuschpabeier: Lues, lues. Dat mam Kallekpabeier kléngt zwar ganz geckeg originell, mee mat kallek huet et, wéi et schéngt, net vill ze dinn
Ech hunn d'Fro iwwer d'Wuert lo hei gestallt. Mol kucken ob nach Leit eppes driwwer wëssen. --Les Meloures (Diskussioun) 10:19, 31. Dez. 2014 (UTC)

Bemierkung vun den Damen: Lies däin éischte Saz, deens du hei geschriwwen hues. Du gëss dach hei selwer lauter Argumenter, firwat "Kallekpabeier" dierf gehale ginn. "Cochon d'Inde" gëtt esou genannt well d'Leit gemengt hunn, et géing aus Indie kommen. Dat ass net esou, den Numm gëtt trotzdem gehalen. Wann d'Leit mengen, "Kallekpabeier" géing vu "Kallek" kommen, an dat net stëmmt, ass et net schlëmm, well et guer keng Roll spillt, soulaang d'Leit dat weider soen.--Bdx (Diskussioun) 11:54, 31. Dez. 2014 (UTC)

Dann nach eng Kéier water Leit a wou sinn déi ze fannen. An Enzyklopedien hu Saachen ze stoen déi bewise sinn a vu Majoritéiten als richteg ugesi ginn. Op wat baséiere mer ons dann hei. Op Behaaptungen an Aussoe wéi d'Leit wäerten. Grad sou gutt kann ee behaapten d'Leit wäerten net. Déi eenzeg Plaz wou de Kallekpabeier bis elo ze fannen ass, ass dat Internetblat vum Panewippchen. No deem System brauche mer dann nëmmen nach an all d'Internetsäiten déi falsch Schreifweise sichen ze goen, an op eemeol ass dann alles richteg.
All déi aner Kalleksversiounen am Internet sinn Derivater vun der Wikipedia. So mer eent handfest Schrëftstéck wou een dat fanne kann. Dat géif mol wéinstens dann an d'Regele vun de Referenze falen. Wat d'Leit soen (ouni ze wësse wien, wou a wat seet a wéivill et der sinn) a wat dem Noper säin Dackel denkt spillt hei guer keng Roll. --Les Meloures (Diskussioun) 13:07, 31. Dez. 2014 (UTC)

De Problem ass dat et schwiereg ass, direkt eng online Source ze fannen, déi beweist, datt dat e legitimen Terme ass. Lëtzebuerg ass nun emol keng Weltsprooch. Nëmme well een esou eppes awer net direkt fënnt, erlaabt dat dir awer net, ze zenséieren. Et stung och jorelaang am Wikipediaartikel, ouni dat et dech gestéiert hunn, bis ech op eemol den Artikel iwwerschafft hunn. --Bdx (Diskussioun) 16:13, 31. Dez. 2014 (UTC)

Du haass een "handfest Schrëftstéck". Och wann dat kee linguisteschen Essai ass, beweist et, datt dee Begrëff net aus der Loft gegraff ass. Ech si mir nämlech zimmlech sécher, datt linguistesch Referenzen, déi iwwer den Ursprong vum lëtzebuergesche Wuert Kallekpabeier handelen, éischter rar sinn.

Méi wéi 6 Useren hunn zënter 2008 un deem Artikel geschafft, während ëmmer Kallekpabeier dra stoung, a keen huet dat iergendwéi falsch fonnt. Och du net. Weess du wat en Troll ass? Well mat dir hunn ech ËMMER d'Gefill, du wëlls d'Leit just schäissen doen. --Bdx (Diskussioun) 16:21, 31. Dez. 2014 (UTC)

bis d'Diskussiounen eriwwer sinn: a ween decidéiert, wéini d'Diskussioun eriwwer ass? Wann e Punkt erreecht ass, dem dem Les Meloures gefällt? Haaptsaach en Artikel blockéieren a Referenzen läschen, wëll se dir net gefalen. Dat sinn einfach nëmmen erbäermlech a faschistesch Methoden.--Bdx (Diskussioun) 16:26, 31. Dez. 2014 (UTC)


Et deet mer leed datt bei den 200.000 Verbesserungen déi ech am Laf vun annerhalwem Joer gemaach hunn déi do net opgefall war. Ech war do notierlech extreem noléisseg.
D'Diskussioun hei ass eriwwer wann nach e puer Mataarbechter hir Meenung gesot hunn. Wat d'Referenzen an d'Beleger op der Wikipedia ugeet, do gouf dacks genuch driwwer diskutéiert an et gouf eebe festgehalen datt Referenze fir Wierder aus den Dictionaire solle kommen, oder wéinstens vu Linguisten enzwousch anescht beluecht sinn. Ech hunn déi Decisiounen net aleng getraff, a si kënne bei all Diskussioun iwwer e Lemma nogekuckt ginn. Du hues hei un der Manivell gekierpt wéi s de een an Dictionnaire beluecht Lemma op eent geréckelt hues vun deem et bis elo keng fiabel Quell gëtt. Ech kann och net derfir datt et Leit gëtt déi keen Dictionär hunn, keng Grammaire, a kee Verbebichi. Dat ass och net neideg, well et sëtzen der jo een oder zwéin do déi déi meescht orthographesch, Genus- an Deklinatiounsfeeler verbesseren. An dofir ginn och all Dag lëschteg neier produzéiert. Perséinlech fannen ech dat net erbäermlech, mä fir et net ze schaarf auszedrécken einfach rëffeg. Well wann een all Dag déiselwecht Feeler gesäit dat deet ee richteg schäissen wéi s du sou schéi sees. A fir déi Aarbecht déi ech hei maachen, brauch ech mir vu kengem Frechheeten, oder aner qualifikativ Ënnestellunge gefalen ze loossen. Dann nach eng allgemeng Bemierkung: D'Tatsaach datt eppes laang falsch enzwousch steet op dat hei op der Wiki ass oder enzwousch anescht, mécht d'Saach net méi richteg. --Les Meloures (Diskussioun) 16:55, 31. Dez. 2014 (UTC)


Moien, fir d'éischt e friddlecht neit Joer gewënscht. Hei si jo scho jett Byten iwwer e Blat Pabeier geschriwwe ginn. Meng 5 Su Commentaire:

1. Ech hunn eng Persoun gefrot, déi bal 50 Joer laang an enger Papeterie geschafft huet. Op d' (spontan) Fro "Wéi nennt een deen hallef duerchsichtege Pabeier, fir eppes ofzemolen?" krut ech als Äntwert: "Calquepabeier" mat engem Hiweis op d'franséischt Wuert, Op d'Nofro, op een och kinnt "Kallekpabeier" soen, krut ech g'äntwert, déi eenzeg, déi dat Froe géifen, wiere Schüler, déi an der Schoul gesot kréien, si missten sech esou ee Block kafen, an da géif een dat och alt héieren, well se net wéissten, wat richteg gemengt wier, a frou wieren, wa s'ee fanne géifen, dee wéisst, wat gemeng wier.

2. Grondsätlzech fannen ech, datt d'Lemma effektiv "Calquepabeir" soll sinn, wéi dat de Fall ass. Eng Enzyklopedie baséiert op Fakten, a Fakt ass hei, datt d'Wuert op der franséischer Etymologie baséiert. Ech sinn net iwwerzeegt, datt eng Verballhornung aus Ignoranz vun där Etymologie als gläichberechtegte Synonym do stoe soll. En Hiweis, datt "een" dat och alt hei ans do héiert (woubäi et empiresch net méiglech ass, nozeweisen, wéi dacks a vu weem), sollt awer duerchaus do stoen, an zwar an enger Foussnout.

Ech schloen dofir vir, den Aleedungssaz esou ze formuléieren:

Calquepabeier[1], Calquéierpabeier[2], oder Fuschpabeier, ass hallef-duerchsichtegen, mä feste Pabeier, mat deem ...

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Opgrond vu falsch verstanenener Etymologie geleegentlech Kallekpabeier genannt.
  2. DFL, LWB, 6000 Wierder

An ech fannen och datt den Artikel net gespaart sollt sinn; mer sinn zu mann genuch fir hei kënnen allfälleg Diskussiounen ze féieren, wann et ënnerschddlech Vuë gëtt, wat an engem Artikel soll stoen,

Datt een dobei soll versichen, e sachlechen Toun ze halen, an deem aner säi Point de vue ze verstoen (wann och net ëmmer dermat d'accord ze sinn), ouni "den Toun ze hiewen" (domat ass kengem gedingt) , ass mäi Wonsch, mat dem ech hei ofschléisse wëll. --Zinneke (Diskussioun) 23:00, 1. Jan. 2015 (UTC)

Léiwen Zinneke, Merci dir och vill Gléck am neie Joer. Ech fannen, deng Propose ass e ganz gudde Kompromëss, well d'Wuert am Artikel vir kënnt an hoffentlech kee méi stéiert well et just nach an de Referenzen virkënnt. A Merci vir d'Meditatioun an d'Entspären. --Bdx (Diskussioun) 15:04, 3. Jan. 2015 (UTC)