Camerata Salzburg

Vu Wikipedia

D'Camerata Salzburg ass e Kammerorchester mat Sëtz zu Salzburg an Éisträich.

D'Camerata gouf am Joer 1952 vum Bernhard Paumgartner ënner dem Numm Camerata Academica des Mozarteums Salzburg gegrënnt. Den Orchester huet sech aus Schüler a Professeren aus der Salzburger Musekshéichschoul Mozarteum zesummegesat.

Nom Doud vum Paumgartner am Joer 1971 huet 1974 den Antonio Janigro d'Direktioun vun der Camerata iwwerholl.

Nofollger vum Janigro gouf am Joer 1978 de Violonist a Museksprofesser Sándor Végh . Hien huet d'Camerata bis zu sengem Doud am Joer 1997 geleet. Ënner der Leedung vum Végh ass d'Camerata e Begrëff an der Musekwelt ginn.

Neie Chefdirigent vun der Camerata gouf nom Doud vum Végh de Roger Norrington.

D'Camerata Salzburg huet eng ronn 50 Disken opgeholl.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]