Roger Norrington
| Roger Norrington | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
16. Mäerz 1934 Oxford |
| Gestuerwen |
18. Juli 2025 Devon |
| Alter | 91 Joer |
| Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
| Educatioun |
Westminster School, The Royal Conservatory of Music |
| Aktivitéit | Dirigent, Museker |
| Auszeechnungen | Commander of the Order of the British Empire, Verdienstorden des Landes Baden-Württemberg, Verdienstkreuz 1. Klasse, Knight Bachelor, Officer of the Order of the British Empire, Grammy Awards, ECHO, Bremer Musikfest-Preis |
|
| |
De Sir Roger Norrington, gebuer als Roger Arthur Carver Norrington de 16. Mäerz 1934 zu Oxford an England, a gestuerwen den 18. Juli 2025, war en engleschen Dirigent.
Hien huet vu Kand u Gesank a Gei geléiert. Méi spéit huet hien zu Cambridge englesch Literatur studéiert. Course fir Orchesterdirektioun huet hie beim Sir Adrian Boult kritt.
Am Joer 1962 huet hien de Schütz Choir an duerno 1978 den Orchester London Classical Players gegrënnt.
De Roger Norrington huet reegelméisseg Orchestere wéi d'Gewandhausorchester Leipzig, d'Berliner Philharmoniker, den Orchestre de la Suisse Romande dirigéiert a war och an Operenhaiser wéi an der Scala di Milano, am Teatro La Fenice zu Venedeg oder am Royal Opera House Covent Garden zu London als Dirigent ze gesinn.
Vun 1997 u war de Roger Norrington Chefdirigent vum Orchester Camerata Salzburg a vun 1998 u war en och Chefdirigent vum Radio-Sinfonieorchester Stuttgart.
Fir seng Beaarbechtung an Aspillung vun de Beethoven-Sinfonie mam Radio-Sinfonieorchester Stuttgart gouf e mam Cannes Classical Award 2004 a mam Record Geijutsu Award 2004 ausgezeechent.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Roger Norrington – Biller, Videoen oder Audiodateien |
