Camille Krécher
Ausgesinn
| Camille Krécher | |
|---|---|
|
De Krécher op der Juegd (Band 20) | |
| Ass en(g) | fiktiv Figur, Comicfigur |
| Geschlecht | männlech |
| Aktivitéit | Fonctionnaire |
| Universum | |
| Present am | Superjhemp |
|
| |
De Camille Krécher[1] ass eng Lëtzebuerger Comicfigur aus der Serie Superjhemp, déi vum Lucien Czuga geschriwwen a vum Roger Leiner gezeechent gouf.
De Krécher ass e Büroskolleeg vum Charel Kuddel. Et ass e Schläimer an Hypokrit deen no ënnen trëppelt an no uewe bockelt a permanent beim K. Loor-Rosen Paltong zitt. Op senger Bürosdier steet dofir och net säi richtegen Numm mä A. Krécher[2]. Mat sengen zyneschen a sarkastesche Sätzt nervt hien de Charel an d'Joffer Lamesch. Am Band De Superjhemp an déi grouss Gefor spillt hien eng knaschteg Roll woufir en allerdéngs eng op den Deckel kritt.
