Camp Ellis
De Camp Ellis war en amerikanescht Ausbildungslager vun den Army Service Forces am Zweete Weltkrich an deelweis e Krichsgefaangelager am Fulton County am US-Bundestaat Illinois.
Ausbildungslager
[änneren | Quelltext änneren]Vum Dezember 1941 bis an de Juni 1942 ass un de Pläng vum Camp geschafft ginn. Mam Bau gouf de 17. September 1942 ugefaangen.[1]
De Camp, dee fir ronn 35.000 Mann an 3.000 Krichsgefaange geplangt war, ass de 15. Abrëll 1943 offiziell a Betrib geholl ginn.[2]
Krichsgefaangelager
[änneren | Quelltext änneren]Bei de POWs huet et sech ëm Wehrmachtszaldote gehandelt, déi a Gefaangeschaft geroden oder desertéiert waren. Déi éischt sinn Enn August 1943 do ukomm[3], ongeféier 1000 Mann. Den 8. September 1943 louch hir Zuel bei 2.673.[4] Si goufen do vun der 475. respektiv der 476. Military Police Escort Guard Company bewaacht.[4]
Am Camp Ellis war och zäitweileg de lëtzebuergeschen Zwangsrekrutéierten an Deserteur Charles Waringo internéiert.
Nom Krich
[änneren | Quelltext änneren]1945 ass de Camp offiziell zougemaach ginn. En Deel dovun ass awer nach vun 1946 bis 1950 vun der Illinois National Guard an 1953 vun der Air Force benotzt ginn.[5]
Den Numm
[änneren | Quelltext änneren]De Camp huet säin Numm dem Sergeant Michael B. Ellis verdankt, deen am Éischte Weltkrich d'Medal of Honor krut.
Unitéiten
[änneren | Quelltext änneren]- 3052nd Quartermaster Salvage Col Co.
- 738th Engineer Base Depot Company
- 567th Engineer Dump Truck Company
- 539th Salvage Repair Company
- 475th Military Police Escort Guard Company
- 476th Military Police Escort Guard Company
- 4624th Service Unit (Wac)
- 1303rd Engineer General Service Regiment Activated on 15 July 1943
- 123rd Infantry Company A
- 1317th Engineer General Service Regiment
- 1332nd Engineer Regiment (African-American Unit)
- 371st Engineer Construction Battalion
- 520th Transportation Battalion
- 548th CSB
- 600th Quartermaster Company
- 533rd CSB
- 123rd Infantry
- 181st Transportation Battalion Activated 25 June 1943
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- The Story of Camp Ellis. 1945, 128 S. [1]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ The Story of Camp Ellis, S. 9.
- ↑ The Story of Camp Ellis, S. 11 an 21.
- ↑ The Story of Camp Ellis, S. 36
- ↑ 4,0 4,1 The Story of Camp Ellis, S. 37.
- ↑ Camp Ellis