Canal d'Accolay

Vu Wikipedia
Canal d'Accolay
D'Cure (riets) nieft dem Kanal zu Accolay

D'Cure (riets) nieft dem Kanal zu Accolay
D'Cure (riets) nieft dem Kanal zu Accolay
Land Frankräich
Ufank Hafe vu Vermenton
op der gestauter Cure
47° 39’ 48,87’’ N 03° 43’ 35,21’’ O
Enn La Noue
Sainte-Pallaye
Uschloss Canal du Nivernais
47° 40’ 03.44’’ N 03° 40’ 39,80’’ O
Eegenschaften
Aktuelle Statut A Betrib fir Tourismus
Längt 4,000 km
Héicht Ufank 119 m
Héicht Enn 113 m
Gabarit CEMT-Klass I
(38,50 m × 5,10 m)
Déifgank 1,20 m
Fräi Héicht 2,70 m
Gebrauch Verbindungskanal
Infrastrukturen
Schleisen 2 + 1 Porte de garde
Geschicht
Bau Enn 19. Joerhonnert
A Betrib geholl idem

De Canal d'Accolay och nach Branche de Vermenton ass e klengen Niewekanal vum Canal du Nivernais am Departement Yonne a Frankräich.

De véier Kilometer laange Kanal huet säin Ufank zu Vermenton wou haut e Yachthafen op der gestauter Cure ass. E féiert vun do aus a Richtung Westen iwwer Accolay, wou eng Halt fir Schëffer ass, bis op de Lieu-dit La Noue an der Gemeng Sainte-Pallaye. Do stéisst en am rechte Wénkel, tëscht de Schleisen N° 70 (de St. Aignan) an N° 71 (du Maunoir) vu riets op de Canal du Nivernais.

Den Haapzweck beim Bau vum Kanal war fir Holz aus dem Morvan bis op Paräis ze fléizen.