Carlo Brioschi
Carlo Brioschi | |
---|---|
Gebuertsnumm | Carlo Maria Rocco Francesco Saverio Brioschi |
Gebuer |
15. August 1782 Mailand |
Gestuerwen |
29. Januar 1833 Neapel |
Aktivitéit | Astronom, Ingenieur, Architekt, Geodet, Universitéitsprofesser |
Member vun | Royal Astronomical Society |
De Carlo Brioschi, gebuer de 15. August 1781 zu Mailand, a gestuerwen den 29. Januar 1833 zu Neapel, war en italieeneschen Ingenieur an Architekt deen awer haaptsächlech als Astronom bekannt ass.
De Corlo Brioschi, deen als Kand vum Architekt Giuseppe Brioschi zu Mailand op d'Welt koum hat en Ingenieur-Architektestudium op der Universitéit vu Pavia gemaach. No sengem Studium koum de Brioschi op den Astronomeschen Observatoire vu Brera[1] wou hie vun 1804 bis den 9. Mäerz 1813 bliwwen ass. Duerno huet hie fënnefanenhalleft Joer zu Mailand um geographeschen Institut vun der Arméi geschafft, wou hien ënner anerem d'geodetesch Triangulatioun vun den Herzogtemer Parma a Piacenza gemaach huet.
1818 koum hien op Propositioun vum Barnaba Orioani op den Observatoire vun Neapel, wou hien nom Giuseppe Piazzi sengem Doud Direkter gouf. Dernieft war hie vun 1824 bis zu sengem Doud Professer fir Astronomie op der Universitéit vun Neapel.
Eng vu sengen éischten Aarbechten zu Neapel war fir am Osttuerm vum Observatoire e Reichenbach-Repetitiounskrees opriichten ze loossen.
De Brioschi huet sech och fir d'Loftfaart intresséiert. Den 22. August 1808 huet hien zesumme mam Pasquale Andreoli en Héichterekord vun 8.262 Meter an engem aerostatesche Ballon opgestallt.