Carlo Klein

Vu Wikipedia
Carlo Klein
Gebuer 11. Abrëll 1963
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Montpellier,
Université de Bourgogne
Aktivitéit Ekonomist, Lycéesprofesser, Universitéitsprofesser

De Carlo Klein, gebuer den 11. Abrëll 1963, ass e lëtzebuergeschen Ekonomiesprofesser an Ekonomist.

De Carlo Klein huet op der Universitéit vu Montpellier 'Sciences économiques et sociales' studéiert. Seng Diplomaarbecht (1986) huet sech mam Marketing vun de Mieresprodukter beschäftegt. Am Kader vum 'Stage pédagogique' huet hien eng gréisser Aarbecht iwwer d'Mëllechfilière am Lëtzebuerger Land geschriwwen (1988). Hien ass Titulaire vun engem Doktorat, deen hien op der Université de Bourgogne zu Dijon virbereet a finaliséiert huet. Bis 2004 war hie Professer am LTE; duerno koum hien an de Stater Kolléisch. Nieft sengem Enseignement am Secondaire huet hien eng gewëssen Zäit nach als Chercheur fir de CEPS/INSTEAD an op der Universitéit Lëtzebuerg, als Formateur vun zukünftege Secondairesprofesseren am Fach Ekonomie geschafft. Zanter 2011 hält hie Virliesungen op der europäescher Antenn vun der Miami University (Ohio) zu Déifferdeng.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Rendement moyen de l'éducation et effet des interruptions involontaires des carrières professionnelles sur le rendement de l'éducation ; in: Document PSELL (= Panel socio-économique "Liewen zu Lëtzebuerg"), Nr. 131, CEPS/INSTEAD, Déifferdeng, 2002.
  • The Effects of Social Security Income on the Earnings Function ; in: PACO Research Paper, CEPS/INSTEAD, Déifferdeng, 2003.
  • La valorisation des compétences linguistiques sur le marché du travail luxembourgeois ; in: Cahier PSELL (= Panel socio-économique "Liewen zu Lëtzebuerg"), Nr. 139, CEPS/INSTEAD, Déifferdeng, November 2003. 67 Säiten.
  • La valorisation des compétences linguistiques sur le marché du travail luxembourgeois ; in: Population & Emploi, erausgi vum CEPS/INSTEAD, vum STATEC a vum IGSS (Inspection générale de la Sécurité sociale), Nr. 5, Déifferdeng & Lëtzebuerg, Dezember 2003. 11 Säiten.
  • L'utilisation des compétences linguistiques sur le marché du travail luxembourgeois: une comparaison entre résidents luxembourgeois, étrangers et frontaliers ; in: Population & Emploi, erausgi vum CEPS/INSTEAD a vum STATEC, Nr. 9, Déifferdeng & Lëtzebuerg, Oktober 2005. 8 Säiten.
  • Cohésion sociale - La cohésion sociale nous rend-elle heureux? ; in: annALes - d'annALe vum Staadter [sic] Kolléisch, 04 / 2010-2011, Ss. 318-321; Lëtzebuerg (Drock Sankt-Paulus), 2011; ISBN 978-99959-631-3-2
  • Economic Crisis: Was Keynes right?; in: annALes de l'Athénée de Luxembourg / d'annALe vum Staadter Kolléisch, 09/2015-2016; Lëtzebuerg (Drock: Sankt Paulus), August 2016; Ss. 366-371 (ill., Bibliogr.).
  • The Digital Euro: a Public Digital Currency; in: Delano News (Lëtzebuerg, Maison Moderne), online; 2021, July 20th.