Carrosserie Roemen

Vu Wikipedia

D'Carrosserie Roemen mat Sëtz an der Gemeng Kielen ass eng lëtzebuergesch Entreprise am Karosseriebau.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Betrib gouf 1936 vum François an Theo Roemen gegrënnt, an hat säi Sëtz zu Bauschelt.
Am Laf vun de Jore waren d'Éisleker Koppen net méi attraktiv fir de Betrib, soudatt 1980 zu Kielen e modernen a groussen Atelier ageriicht gouf.

Haut ass et e Betrib mat enger Capacitéit vun 30 Leit, an eng vun de gréissten Entreprisen um lëtzebuergesche Karosseriemaart.

Produkter[änneren | Quelltext änneren]

  • Karosserien
  • Camionsopbauten
  • Mallenopbauten
  • Unhänger
  • Killgefierer
  • Kippersystemer
  • Kranopbauten
  • Bannenariichtungen
  • Brëtschenopbauten
  • Hiefbünen
  • Semi-remorquen
  • Containeren
  • Ofrollkipperen
  • Aluminiumkarosserien
  • Pompjeesgefierer
  • Autosbannenariichtunge fir Behënnerter
  • Gedrënkscamionen
  • Spezialopbauten
  • Restauratioun vun Oldtimer
  • Sandstrahlen a Metallisatioun

asw.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]