Op den Inhalt sprangen

Celsus vu Mailand

Vu Wikipedia
Celsus vu Mailand
Den Celsus an der Kierch Saint-Nazaire zu Saint-Nazaire-le-Désert
Titel
Biographie
Gebuer Tréier
Gestuerwen 304
Mailand
Aner Informatiounen
Statut Helleg
Gedenkdag 28. Juli
Den Celsus an den Nazarius gi vun Zaldoten ofgefouert

Den Celsus vu Mailand, gestuerwen 304[1] zu Mailand, ass e legendäre chrëschtleche Märtyrer. Säi Fest gëtt den 28. Juli gefeiert. Hie war e Schüler vum hellegen Nazarius mat deem hien duerch d'Réimescht Räich gezunn ass fir de chrëschtleche Glawen ze verbreeden.

Wärend de Chrëschteverfollgungen ënner dem Keeser Diokletian goufen déi zwéin eng éischt Kéier agespaart, hunn et awer fäerdegbruecht fir fortzelafen. Déi zweet Kéier hate se manner Gléck a goufen allebéid am Joer 304 zu Mailand gekäppt.

Hie gëtt als Patréiner vun de Kanner an de Päerd veréiert; e gëtt gemenkerhand als Zaldot an zesumme mam Nazarius duergestallt.

Commons: Celsus vu Mailand – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. heiligenlexikon.de D'Informatiounen hei bezéie sech op den Heiligenlexikon an och op de Biographesch-Bibliographesche Kierchelexikon. Aner Quelle placéieren d'Geschicht an d'Éischt Joerhonnert, an doe se duerch den Nero ermuerden.