Op den Inhalt sprangen

Diskussioun:Celsus vu Mailand

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ass et dee richtegen Celsus?

[Quelltext änneren]

Moien,

Am Artikel kënnt dat Wuert „Helleg“ net (méi) vir; den Celsus vu Mailand steet awer nach an der Kategorie vun de Hellegen… An da steet och nach bei "Kuckt och" e Link op d'Kapell vu Buer, déi nom Celsus geweit soll sinn. De Festdag vun där Kapell ass awer den 23. Februar an net den 28. Juli wéi hei am Artikel steet.

Den Hl Celsus vun Tréier an der Kierch vu Bruch bei Miersch

Kéint et sinn, datt mam Hellegen Celsus an dem Patréiner vun der Kapell vu Buer den Celsus vun Tréier gemengt ass an net dee vu Mailand?

Ier ech dat änneren wollt ech froen, ob vläicht ee méi doriwwer weess.

Merci. GilPe (Diskussioun) 10:31, 9. Sep. 2024 (UTC)[äntweren]

Salut GilPe. Ech ginn och dervun aus datt et den Celsus vun Tréier ass. Och an anere Kierchen am noen Däitschland an an der Belsch, gëtt nëmme vun deem vun Tréier geschwat. Wann en dann awer wéi zu Buer e Päerd als Attribut huet da wier et dee vu Mailand, wat dann awer nees net mam Festdag klappt.
Ech menge bei deenen Hellegen do wees souguer d'Kierch heiansdo net wateree gemengt ass oder wéi se sollen duergestallt ginn.
--Les Meloures (Diskussioun) 18:21, 9. Sep. 2024 (UTC)[äntweren]
Mer hunn effektiv 2 Helleger mam Numm Celsus, den Celsus vun Tréier, deem säi Fest den 23. Februar ass, an den Celsus vu Mailand, deem säi Fest den 28. Juli an der Kathoulescher Kierch gefeiert gëtt. Dat mat den Attributen ass net ganz kloer. Dem Celsus aus der entweiter Kapell Buer säi Fest war wuel den 23. 2., deemno den Celsus vun Tréier, deen och Niewepatréiner vun der Kierch vun Bruch ass.--Sultan Edijingo (Diskussioun) 19:26, 9. Sep. 2024 (UTC)[äntweren]
Am Lexikon für Theologie und Kirche steet: "Celsus: legendärer Heiliger, seit dem MA als Bisch. v. Trier im 2. Jh. bez.; nach seiner Inventio 978, in Trier-St.Matthias, setzte sein Kult in der Westeifel u. in Luxemburg ein. Viell. verwechselt mit dem Gefährten des hl. Nazarius. Todestag wurde am 4.1. Inventio am 23.2. gefeiert." ... "Nazarius und Celsus: hll (Fest 28. Juli), Märtyrer in Mailand...." --Sultan Edijingo (Diskussioun) 20:23, 9. Sep. 2024 (UTC)[äntweren]