Kierch Bruch (Miersch)

Vu Wikipedia
Kierch vu Bruch
D'Bricher Kierch (2006)

D'Bricher Kierch (2006)
D'Bricher Kierch (2006)
Uertschaft / Plaz Bruch
Par Äischdall-Helpert
Saint-Willibrord
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Mathias
Konsekratioun 17. Juni 1913
Architekt(en) Pierre Kemp
Baujoer 1880
Koordinaten 49° 44’ 06.4’’ N
      06° 01’ 16.4’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch vu Bruch bei Miersch ass eng kathoulesch Kierch, déi 1880 als Filialkierch vun der Par Bëschdref gebaut gouf. Wéi Bruch de 5. Abrëll 1906 eng eegestänneg Par gouf, gouf d'Mattheiskierch d'Parkierch vun der Bricher Par. De 7. Mee 2017 gouf d'Par Bruch, no 111 Joer, am Kader vun der Neistrukturéierung vun de Lëtzebuerger Paren, ofgeschaaft. De selwechten Dag gouf eng nei Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord fir d'Uertschaften aus de Gemenge Biissen, Habscht, Helperknapp a Sëll gegrënnt, déi zum Dekanat Zentrum gehéiert.

Si steet op der Kräizung vun der Duerfstrooss (rue du Village), dem CR115, mat der Areler Strooss, der N8. De Kierfecht ass nieft der Kierch ugeluecht.

Kierch[änneren | Quelltext änneren]

Patréiner[änneren | Quelltext änneren]

Haaptpatréiner: Hl. Apostel Matthias (24. Februar)
Niewepatréiner: hellegen Celsus (23. Februar) an hellegen Albinus (1. Mäerz)

Geschicht vun der Kierch[änneren | Quelltext änneren]

1878 gouf mam Bau vun der neogotescher Kierch zu Bruch no Pläng vum Architekt Pierre Kemp ugefaangen, 1880 war de Bau fäerdeg.

Renovatioun 2005/2006[änneren | Quelltext änneren]

Am Virfeld vun de Centenaire-Feierlechkeete vun der Par Bruch (2006) huet d'Gemeng Béiwen-Atert d'Kierch mat der Sakristei 2005-2006 ënner dem Architekt Pierre Baumann komplett renovéiere gelooss: nei Holzvertäfelung, neie Buedembelag am Chouer, nei elektresch Leitungen, nei Luuchten, duebel Verglasung a Renovéierung vun de Kierchefënsteren op der Westsäit, nei Heizung, neien Ustrach, nei Mikrosanlag an der Sakristei nei hëlzen Trap, nei Dieren an eng Toilette stoungen um Programm. All d'Statuen an de neogotesche Kierchemiwwel goufe poly-chroméiere gelooss an nei Teppecher, nei Sedilien an nei Schief an der Sakristei maache gelooss. Op den Haaptaltor koumen zwou nei Statue vun der hl. Barbara an der hl. Elisabeth wärend déi zwéin Engelen nees op ee Sockel nieft den Haaptaltor gestallt goufen.

Uergel[änneren | Quelltext änneren]

1978 krut d'Parkierch eng Uergel aus der Manufacture d'orgues luxembourgeoise Georg Westenfelder vu Lëntgen.

D'Uergel huet eng mechanesch Traktur, 2 Manualen a Pedall, mat Pedall- a Manualkoppelen, a besteet aus 15 Regësteren, vun deenen der 11 kléngen, a véier Extensiounen.

De Wanddrock entsprécht 62 mm Waassersail. D'Holzpäife sinn aus jugoslawescher Fiicht aus der Bukowina, an d'Uergelgehais ass aus massiver Eech.

Bei der Aweiung, sonndes den 18. Juni 1978 um hallwer véier, war de Pierre Drauth an den Henri Bausch beim Spilldësch an de Gemëschte Chouer Sängerbond Brouch huet ënner der Direktioun vum Raymond Hagen gesongen. Um Programm stounge Wierker vum Bach, Mozart an aneren.

Si gouf 2006 komplett restauréiert.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

Wéi d'Kierch gebaut gouf krut se zwou Klacken: Eng kleng (375 kg) mam Toun "Si", déi 1878 vun der Géisserei Causard vu Colmar gegoss an der Muttergottes Maria geweit gouf, an donieft déi Klack (490 kg), déi schonn 1868 gegoss war ginn an an der aler Kapell houng an déi dem Hl. Matthias geweit war. 1951 hat dës Klack awer een décke Rass opzeweisen, a konnt net méi gelaut ginn. Sou gouf vun der Firma Mabilon & Co. eng nei Klack gegoss mam selwechten Toun, "Sol#", an och dës Kéier erëm dem hl. Matthias geweit.

2006, bei Geleeënheet vum "Centenaire" vun der Par Bruch, ass d'Iddi opkomm fir e Projet, dee scho méi laang bestanen huet, ze realiséieren: D'Kierch sollt eng drëtt Klack kréien. Déi meescht Parkierchen am Land haten dräi Klacken, Bruch der awer nëmmen zwou.

No Récksprooch mat engem Klackenexpert, dem Brudder Michael Reuter OSB, huet dëse proposéiert fir nach véier Klacke bei déi aner zwou ze hänken. Nodeem de finanziellen Deel ofgeséchert war goufen déi nei Klacke vun der Klackegéisserei Maria Laach gegoss. Si goufen de 17. September 2006 vum Äerzbëschof Fernand Franck geweit an den 18. Oktober 2006 am Kierchtuerm installéiert.

Sou huet déi Bricher Parkierch elo sechs Klacken:

  1. "Christus-Erléiser-Klack", Toun: FA#, Gewiicht: 650 kg; Géisser: Br. Michael Reuter, 2006.
  2. "Matthias-Klack", Toun: SOL#, Gewiicht: 490 kg, Géisser: Mabilon, 1951.
  3. "Jousef-Klack", Toun: LA#, Gewiicht: 420 kg, Géisser: Br. Michael Reuter, 2006.
  4. "Muttergottes-Klack", Toun: SI, Gewiicht: 375 kg, Géisser: Causard, 1878.
  5. "Albinus- an Celsusklack", Toun: DO#, Gewiicht: 300 kg, Géisser: Br. Michael Reuter, 2006.
  6. "Willibrordus-Klack", Toun: RE#, Gewiicht: 210 kg, Géisser: Br. Michael Reuter, 2006

Statuen[änneren | Quelltext änneren]

Um Haaptaltor steet eng Statu vum Kierchepatréiner, dem Apostel Matthias.
An den Niewennische sti Statue vun der helleger Barbara an der helleger Elisabeth vun Thüringen.
Am Kiercheschëff hänke schéin al Statue vun den dräi Kierchepatréiner Matthias, Albinus an Celsus.
Des Weideren huet d'Kierch eng schéi Pietà an ee wäertvollen Ensembel vun der Helleger Famill (Jesus, Maria, Jousef).

Par[änneren | Quelltext änneren]

Series pastorum

Geschicht vun der fréierer Par Bruch[änneren | Quelltext änneren]

Bruch ass eng relativ jonk Par. Si gouf eréischt de 5. Abrëll 1906 vun der Par Bëschdref ofgetrennt an zur selbstänneger Par erhuewen.

An der Bricher Géigend gouf 2004 de Parverband Sankt Willibrord Helpert gegrënnt, deen aus de Pare Béiwen-Atert, Bëschdref, Biissen, Bruch, Gräisch, Sëll, Simmer an Tënten, souwéi aus de Filiale Rued (Par Nouspelt) an de Märjendaller Haff (Par Keespelt) besteet. Duerch déi geographesch zentral Positioun gëtt d'Par Bruch no 39 Joer nees Sëtz vun engem Paschtouer. Zum Paschtouer a Moderator vum neie Pastoralteam gëtt den Abbé Joël Santer genannt, bis du Kaploun am Parverband Miersch mat Sëtz zu Miesdref.

D'Par Bruch gouf de 7. Mee 2017 duerch d'Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord ersat.

Paschtéier[änneren | Quelltext änneren]

  • Johann Fabritius vun Uewerwampech, Paschtouer, 07.08.1906 – 01.09.1911
  • Peter Pünnel vu Wuermer, Paschtouer, 02.09.1911 – 02.11.1911 (†)
  • Andreas Schmitz vu Bungeref, Paschtouer, 06.11.1911 – 21.08.1917
  • August Hoferlin vun Esch-Uelzecht, Paschtouer, 21.08.1917 – 25.08.1927
  • Jean Boursy vun Iechternach, Paschtouer, 25.08.1927 – 20.04.1936
  • Nic. Fisch Präitler, Paschtouer, 20.04.1936 – 01.09.1940
  • Joseph Duhr vun Nidderdonwen, Paschtouer, 01.09.1940 – 01.09.1953
  • Felix Eischen vu Bëschrued, Paschtouer, 01.09.1953 – 20.07.1965
  • Joseph Hansen vu Steesel, Parverwalter, 20.07.1965 – 29.06.1970
  • Charles Guill vun Hollerech, Parverwalter, 29.06.1970 – 05.07.1997
  • Ferdy Fischer vu Keel, Moderator vum Pastoralteam, 05.07.1997 – 21.08.2004
  • Joël Santer vu Wecker, Paschtouer, 21.08.2004 - haut

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Bruch (Miersch) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Fotogalerie[änneren | Quelltext änneren]