Parverband Sankt Willibrord Helpert
Ausgesinn
De Parverband Sankt Willibrord Helpert gouf de 6. Mee 2017 mat engem Dekreet vum Bistum ofgeschaaft.
En huet zu der Pastoralregioun Zentrum gehéiert a bestoung aus 8 Paren an enger Rei Filialkierchen:
- Béiwen-Atert
- Bëschdref
- Biissen
- Bruch
- Gräisch
- Sëll
- Simmer
- Tënten
- an de Filialen
- Märjendaller Haff (Par Keespelt)
- Rued (Par Nouspelt)
Déi Paren a Filialkierche louchen um Gebitt vun de Gemenge Béiwen-Atert, Biissen, Sëll, Simmer an Tënten.
De Parverband Helpert gouf vun engem Pastoralteam geleet, dee sech aus follgende Memberen zesummegesat huet:
- Abbé Joël Santer, Paschtouer a Moderator
- Huguette Muller-Kirsch
- Schwëster Alix Werné dc.