Kapell Buer

Vu Wikipedia
Kapell vu Buer
D'Kapell vu Buer (2013)

D'Kapell vu Buer (2013)
D'Kapell vu Buer (2013)
Kapell vu Buer (2005)

Kapell vu Buer (2005)
Kapell vu Buer (2005)
Uertschaft / Plaz Buer
Par Äischdall-Helpert
Saint-Willibrord
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Celsus
Desakraliséiert 15.10.2022
Baujoer 1851
Koordinaten 49° 42’ 03.8’’ N
      06° 01’ 02.3’’ O
Kierchen - Kapellen


D'Kapell vu Buer war eng kathoulesch Kapell déi fréier zur Par Tënten gehéiert huet. Vum 7. Mee 2017 bis bis zu hirer Entweiung 2022 huet si zur neier Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord am Dekanat Zentrum an an der Gemeng Helperknapp gehéiert.

De Patréiner vun der Kapell war den hellegen Celsus, deem säi Fest den 23. Februar gefeiert gëtt.

D'Kapell steet op der Kräizung vun der rue de Luxembourg, der N12, mat der rue d'Arlon, dem CR105.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De 6. Dezember 1850 gouf am Gemengerot e Plang agereecht fir eng Kapell ze bauen. Den Devis huet sech op 2085 Frang chiffréiert. Den 13. Juli 1851 war d'Kapell fäerdeg, de Joresdatum steet iwwer der Dier vun der Kapell.

Den Altor op deem zwou Statuen aus dem 18. Joerhonnert stinn, eng vum hellegen Eligius an eng vum hellegen Celsus, ass vun 1968. Den hellegen Celsus ass als Bëschof duergestallt. Hien huet a senger lénkser Hand säi Bëschofsstaf a mat senger rietser Hand mécht hien e Geste fir z'invitéieren. Riets vun him steet e wäisst Päerd.

Fréier gouf d'Fest vum hl. Celsus den 23. Februar gefeiert. Hien ass de Patréiner vun de Kanner a vun de Päerd. Den Edmond de la Fontaine ernimmt a sengem Buch Sitten und Bräuche Buer ënner deenen Uertschaften, wou fir d'Päerd gebiet gëtt. Nom Zweete Weltkrich gouf d'Celsusfeier op Ouschterméindeg verluecht, deen och Kiermesméindeg ass. Zanter 1953 ginn d'Päerd geseent, a well sinn och d'Autoen derbäikomm.

Net wäit vun der Kapell, do, wou haut d'Garagë vun engem Restaurant sinn, stoung fréier e Stall an deem d'Päerd ënnerbruecht goufen déi d'Postkutsch op der Streck Sëll-Lëtzebuerg gezunn hunn.

Op Ouschterméindeg 2010 huet de Paschtouer Joël Santer wärend der feierlecher Mass eng nei Muttergottesstatue fir d'Kapell ageseent. D'Statue, grad sou wéi e kléngt hëlzent Kräiz dat zanterhier um Altor steet, gouf vun de Bridder Léon a Marcel Stomp vu Buer gestëft.

2013 krut d'Kapell, op d'Initiativ vum Paschtouer Santer, nei Bänken, déi aus der Kapell vu Boufer stamen. Den Léon Stomp huet dofir gesuergt, datt d'Kapell zwou elektresch Heizunge krut, fir datt eng Grondtemperatur grad och am Wanter soll bleiwen. En neie Kredenzdësch gouf och ugeschaaft.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Buer – Biller, Videoen oder Audiodateien