Centaure

Vu Wikipedia
Centaure-Rakéit

Centaure ass eng zweestufeg franséisch Héichtefuerschungsrakéit. Si besteet aus enger "Bélier"-Startstuf an enger "Venus"-Uewerstuf.

D'Centaure gouf 230-mol gebaut a vun Hammaguir, Reggane, CELPA, Salto di Quirra, Esrange, Thumba, Sonmiani an Andøya gestart. D'Centaure hat eng maximal Notzlaascht vu 60 kg, eng Spëtzenhéicht vun 140 km, e Startschub vu 44 kN, eng Startmass vu 457 kg, an en Duerchmiesser vun 0,28 m an eng Längt vu 6,02 m.

D'Centaure hat am Ganze fënnef Feelschléi. 97,3 % Flich waren erfollegräich. Den éischte Feelschlag war den 1. Dezember 1962, dee leschten de 14. Abrëll 1969.

Si gehéiert zu enger Famill vu Feststoffrakéiten, déi aus der Bélier, der Centaure, der Dragon, der Dauphin an der Éridan bestoung.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]