Dauphin (Rakéit)

Vu Wikipedia

D'Dauphin war eng eestufeg franséisch Héichtefuerschungsrakéit, vun där tëscht 1967 an 1978 sechs Exemplare gestart goufen. Et war eng modifizéiert Dragonstarstuf mat méi enger grousser Rakéitespëtzt fir Notzlaaschten.

D'Dauphin hat en Duerchmiesser vu 56 cm an eng Längt vu 6,21 m. D'Startmass war zirka 1132 kg, dovu ware 686 kg Dreifstoff. Mat engem Startschub vun 90 kN gouf eng Notzlaascht vun 130 kg op eng Spëtzenhéicht vun 150 km bruecht.

D'Dauphin huet domat zu enger Famill vu Feststoffrakéite gehéiert, déi aus der Bélier, der Centaure, der Dragon, der Dauphin an der Éridan bestoung.

Startlëscht[änneren | Quelltext änneren]

Seriënummer Datum Startplaz Spëtzenhéicht Bemierkung
DA001 20. Mäerz 1967 Hammaguir 001 1 km Feelstart, Explosioun no 5 s
DA002 28. Juni 1967 Île du Levant (CERES) 138 138 km
DA003 8. Mäerz 1968 Biscarrosse 123 123 km
DA004 28. Mäerz 1968 Biscarrosse 098 98 km
DA005 14. September 1971, 04:20 UTC Centre Spatial Guyanais ALFS 103 103 km
DA006 8. Februar 1979 Centre Spatial Guyanais ALFS 135 135 km

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]