Éridan

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

D'Éridan ass eng zweestufeg franséisch Héichtefuerschungsrakéit, déi duerch de Gebrauch vum Stromboli-Dreifwierk vun der Dragon respektiv vun der Dauphin als éischt an zweet Stuf entstoung. Si gehéiert domat zu enger Famill vu Feststoffrakéiten, déi aus der Bélier, der Centaure, der Dragon, der Dauphin an der Éridan bestoung.

Als leeschtungsfäegst Versioun vun där Rei konnt si Notzlaaschte vun 100 bis 420 kg op Héichte vun 200 bis max. 460 km bréngen. Si huet dofir 230 bis 350 Sekonne gebraucht

Den éischte Start war de 26. September 1968 vun der Startplaz Kourou, deen awer feelgeschloe war. 12 weider Starte vun deem Terrain sinn an der Zäit vum 12. Abrëll 1969 bis de 14. November 1979 op Héichte vun 196 bis 420 km gemaach ginn. Zwee Exemplare goufen am Januar an am Februar 1975 vun de Kerguelen aus gestart.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • (en) Encyclopedia Astronautica: Eridan