Centre national de l'audiovisuel
De Centre national de l'audiovisuel zu Diddeleng gouf 1989[1] gegrënnt.
Als ee vun de Kulturinstituter vum Staat besteet seng Aufgab[2] dodran, den audiovisuelle Patrimoine vu Lëtzebuerg z'erhalen, ze versuergen, opzewäerten a bekannt ze maachen.
Den CNA huet den Dépôt légal fir audiovisuell Produktiounen zu Lëtzebuerg. Deemno ginn am CNA Lëtzebuergesch Filmer, d'Toun- a Bildmaterial vun den RTL-Produktiounen (Radio an Tëlee), déi zu Lëtzebuerg gemaach ginn, awer och och Privatfilmer, konservéiert, katalogiséiert, an zum Deel verschafft an der Ëffentlechkeet zougänglech gemaach. Sou gëtt den CNA d'Video-, resp. d'DVD-Serie "Films made in Luxembourg" eraus, a produzéiert oder koproduzéiert Documentairen.
Do donieft archivéiert den CNA eng räichhalteg Fotosammlung, op där hirer Basis Ausstellungen organiséiert a Bicher publizéiert ginn.
No engem provisoreschen Openthalt an dem fréiere Pensionat vun de Schwëstere vun der doctrine chrétienne, deen 19 Joer gedauert huet, ass den CNA ufanks Dezember 2007 a säin neit Gebai Op der Schmelz geplënnert, dat e sech mam regionale Kulturzentrum a mat der Diddelenger Musekschoul deelt.
Direkter war zanter der Grënnung bis Enn 2015 de Jean Back, säin Nofolger gouf de Paul Lesch[3]
Am Gebai sinn:
- zwéi Kinossäll, de Starlight I an den II;
- Austellungsméiglechkeeten, den Display 01 an den Display 02;
- en Espace découverte;
- eng Mediathéik;
- e Shop;
- Film-, Foto- an Tounstudioen
- Archivraim.
Um Spaweck
Commons: Centre national de l'audiovisuel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- ↑ Cf. Loi du 18 mai 1989 portant création d'un Centre national de l'audiovisuel. Mémorial A n° 31: 586-588, 20.05.1989
- ↑ Cf. Loi du 25 juin 2004 portant réorganisation des instituts culturels de l'Etat. Mémorial A n° 120: 1798-1810, 15.07.2004
- ↑ "CNA: De Paul Lesch gëtt neien Direkter." rtl.lu, Leschten Update: 04.12.2015, 17:56:48.